Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Men I Trust - Say, Can You Hear

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Twitter huet de gratis Verifikatiounskrop ofgeschaaft

Sozial Medien

Twitter huet de gratis Verifikatiounskrop ofgeschaaft

Twitter huet de gratis Verifikatiounskrop ofgeschaaft. D'Symbol huet bis elo gewisen, datt de Profil um sozialen Netzwierk enger bestëmmter Persoun gehéiert. Elo bedeit et am Prinzip nëmmen nach, datt fir een Twitterabonnement bezuelt gëtt, ouni datt d'Identitéit wierklech gepréift gëtt.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Twitter huet awer och déi ëmstridde Mentiounen "dem Staat ugegliddert Medien" a "mat staatleche Mëttel finanzéiert Medien" op de Profiller vu grousse Medien ewech geholl.

Op den Twitter-Profiller vu grousse Medie wéi NPR aus den USA a CBC aus Kanada sinn dës Mentiounen elo verschwonnen. Och bei der chineesescher Agence Xinhua a beim russesche Sender RT si se verschwonnen, huet déi franséische Noriichten-Agence AFP gemellt.

Medien verloossen Twitter

Verschidde Medien, wéi NPR oder de schwedesch ëffentlech-rechtleche Radio, hate rezent decidéiert Twitter ze verloossen. Dat aus Protest géint d'Mentiounen, déi agefouert gi waren, nodeem den Tech-Milliardär Elon Musk d'Plattform kaft hat.

D'Suppressioun vun de Mentioune kënnt elo um Moment wou am Prinzip fir d'Verifikatiounskrop op Twitter muss bezuelt ginn. Op der Plattform sinn hënt falsch Profiller opgedaucht, zum Beispill ee Fake-Profil vun der Stad New York.

Bei Twitter koum de gréissten Deel vun de Recetten traditionell aus der Publicitéit. Nodeems de Musk Twitter fir ronn 44 Milliarden Dollar iwwerholl hat, hunn eng Partie Clienten hir Publicitéit gestoppt. De Verifikatiounskrop als Deel vum Abo ze maachen, gehéiert zum Plang vun Twitter, méi Recette vun den Notzer ze kréien, déi op Twitter bleiwen.