Am Gesetz, dat nach am Laf vun dësem Mount an der Chamber soll gestëmmt ginn, wäert deemno just festgehale ginn, datt déi nächst Index-Tranche op den 1. Abrëll 2023 verluecht a wéi deen temporäre Kafkraaftverloscht kompenséiert gëtt.
Mee fir de Michel Reckinger ass kloer, datt déi aner Elementer vum Accord dofir net a Fro gestallt sinn: "Mir hunn een Accord, an deen Accord, dee gëllt", esou den UEL-President.
"Dat heiten ass eng Manéier fir [den Accord] ëmzesetzen, déi d'Regierung gesicht huet fir iergendwellechen Diskussioune mat der Oppositioun aus dem Wee ze goen:"
De Michel Reckinger ënnersträicht: "we've got a deal" - fir hie géif deen nach ëmmer zielen an et géif sech och näischt dorunner änneren.