Radioen

On air

Kultur um 5  |  Lëtzebuerger Literatur am Ausland

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ugespaante Situatioun bei der LSAP, Erneierung bei der CSV

Politesche Wocheréckbléck

Ugespaante Situatioun bei der LSAP, Erneierung bei der CSV

D'Regierung steet, d'CSV ass am Gaange sech ze erneieren an d'Chamber ass nees komplett: Dës Woch ass vill geschitt an der Politik. Wéi si verschidden Entwécklungen ze analyséieren? Erklärunge vum 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck.

auto_stories

3 min

Den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck mam Wocheréckbléck. Foto: Archiv.

D'Gremie vun DP, LSAP an déi gréng hunn den Dënschdeg mat grousser Majoritéit gréng Luucht fir eng nei Oplag vun der Dräierkoalitioun ginn. Um LSAP-Kongress gouf et vill Kritik, trotzdeem hu just 13 vu 400 Delegéierter géint de Regierungsprogramm gestëmmt. Wéi ass dat ze deiten?

Et weist, datt d'Kritik sech op just nach e klengen Deel an der Partei limitéiert. D'Kritik ass zwar haart, an deels schaarf, mee et sinn der net vill, déi sech uschléissen. D'Erklärung dofir ass, datt dee méi kritesche lénke Fligel net méi sou grouss ass, wéi en dat mol war. Et weist och, datt e puer Leit an de Medie vill Opmierksamkeet kënne kréien, mee datt déi Kritik net onbedéngt representativ ass.

Wann d'LSAP net an d'Regierung komm wier, dann hätt d'Partei manner Suen zur Verfügung an et géife sech manner Carrièresméigkechkeete fir verschidde Leit bidden. Do hänkt vill dorun. Do hält den Idealismus da séier op.

Bei der LSAP war d'Stëmmung während de Koalitiounsverhandlungen trotzdeem phaseweis schwiereg?

Intern war d'Stëmmung net ëmmer gutt, jo. Mir erënneren eis: Den Etienne Schneider wollt een Ament EU-Kommissär ginn an net méi an d'Regierung goen. Dat heescht de Spëtzekandidat, a Verhandlungsleader, wollt sech duerch d'Bascht maachen. Dat ass een Zeechen, datt d'Situatioun ugespaant war.

Den Haaptproblem vun der LSAP ass d'Erneierung: Wie mécht Plaz fir nei Gesiichter? An der LSAP gëtt et vill laangjäreg Politiker, déi och gutt perséinlech Wahlresultater haten, mee den Etienne Schneider hat e manner gutt Resultat am Zentrum, seng Positioun ass geschwächt.

Bei der DP a bei déi gréng goufen et manner Tensioune während de Verhandlungen, oder?

Jo, ganz kloer. D'DP gëtt manner basisdemokratesch gefouert, do decidéieren e puer Leit ganz vill, an da ginn et an esou Situatiounen och manner Reiwereien. De Comité directeur huet den Dënschdeg eestëmmeg fir d'Regierungsequipe a fir de Regierungsprogramm gestëmmt.

Bei de Grénge gëtt et nach ëmmer eng Euphorie wéinst dem gudde Wahlresultat vum 14. Oktober. Mat hire fënnef Regierungsmembere waren d'Poste séier intern verdeelt, d'Opdeelung Fraen a Männer huet gestëmmt, an d'Bezierker sinn all representéiert, sou datt et do wéineg Diskussioune goufen.

Bei der LSAP sollen d'Gremien am Januar ganz erneiert ginn. Bei der CSV ass den Erneierungsprozess awer elo och voll am Gaang?

D'Martine Hansen ass elo Fraktiounscheffin vun der CSV, an net méi de Claude Wiseler. Domadder gouf eng wichteg Personaldecisioun geholl.

Déi nächst Personaldecisioun ass déi vum Parteipresident. Do leeft et op e Match tëschent dem Frank Engel an dem Serge Wilmes eraus. De Luc Frieden huet confirméiert, datt hien net kandidéiert. De Marc Spautz trëtt och net méi un. Weider Kandidature sinn net bekannt. De Serge Wilmes huet allerdéngs och nach net kloer ëffentlech gesot, datt hie kandidéiert. Bis den 9. Januar kënnen d'Kandidaturen iwwregens agereecht ginn. Do ass dat lescht Wuert also nach net geschwat.