Radioen

On air

Notturno  |  The Smile - Friend Of A Friend

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Ukrain erwaart sech vun der EU e kloert Zeechen u Russland

Konflikt

D'Ukrain erwaart sech vun der EU e kloert Zeechen u Russland

D'EU-Ausseministeren hunn et de Moie begréisst, datt et zu weidere Gespréicher a verschiddene Formater mat der russescher Säit kënnt. Zu Bréissel sinn d'Chefdiplomaten aus de 27 EU-Länner haut zesummen, fir iwwert d'Situatioun ze beroden. Mat derbäi ass och den Dmytro Kuleba, de Ausseminister vun der Ukrain. D'EU misst direkt Sanktioune géint Russland huelen, sou seng Fuerderung.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

D'EU soll ee klore Message op Moskau schécken, datt d'Ukrain net eleng gelooss gëtt. Et géif een elo kloer Decisioun erwaarden, sou den Dmytro Kuleba. Et géif net nëmmen ëm politesch Messagë goen, mee och ëm spezifesch Aktiounen am Verteidegungssecteur. Et wier néideg fir verschidde Sanktiounen elo schonn ze imposéieren, sou den Dmytro Kuleba.

Déi däitsch Ausseministerin Annalena Bärbock huet Russland responsabel dofir gemaach, mat der Bevëlkerung an der Ukrain ze spillen. An de leschten 72 Stonne wier et zu villen Attacke komm, de Waffestëllstand wier dacks gebrach ginn. D'Liewe vun der Zivilpopulatioun wier a Gefor; och well plazeweis d'Waasser- an d'Stroumversuergung ënnerbrach wier, sou déi däitsch Ausseministerin.

Et gi sech fir haut keng konkret Decisiounen erwaart

Verschidde Vertrieder wéi de letteschen Ausseminister Edgar Rinkevics, si prett, schonn haut méi wäit ze goen. Hie géif sech elo direkt fir Sanktioune géint Russland asetzen, well Russland kloer fir dat responsabel ass, wat de Moment am Donbass geschitt.

Den EU-Chefdiplomat Josep Borrell betount op en Neist, datt d'EU prett ass. Hie wäert zum richtege Moment eng speziell Reunioun aberuffen a Sanktioune presentéieren, seet hien. Allerdéngs gëtt net domat gerechent, datt d'Ausseministeren haut konkret Decisiounen huelen.

Allgemeng, gouf begréisst, datt et zu weidere Gespréicher komme soll. All Format wier wichteg, sou den EU-Chefdiplomat Josep Borrell.

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn net mat op der Reunioun zu Bréissel derbäi. Hien war e Freideg positiv op Corona getest ginn.