Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ukraine a Moldawien offiziell EU-Bäitrëtts-Kandidaten

EU

Ukraine a Moldawien offiziell EU-Bäitrëtts-Kandidaten

D'Ukrain a Moldawien kruten en Donneschdeg um EU-Sommet de Statut vun EU-Bäitrëttskandidaten. D'Decisioun gouf ënnert de 27 Staats- a Regierungscheffen eestëmmeg geholl. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj gouf live op den EU-Sommet bäigeschalt. Hie sot Merci an huet betount, datt d'Zukunft vun der Ukrain an der EU léich.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Ukrain ass elo offiziell Kandidat fir an d'EU ze kommen. Och Moldawien krut en Donneschdeg den Owend um EU-Sommet de Statut vun engem EU-Bäitrëttskandidat. D'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen sot, béid Länner wieren Deel vun der europäescher Famill.

D'Decisioun gouf ënnert de 27 Staats- a Regierungscheffen eestëmmeg geholl - dat awer net ouni Diskussiounen. Dora goung et haaptsächlech ëm Bosnien Herzegowina, wéi de Premier Xavier Bettel en Donneschdeg den Owend confirméiert huet. Virum allem Éisträich wollt, datt Bosnien dee Statut vum EU-Kandidat kritt. Et wier ee sech awer eens ginn, datt nach net all d'Konditiounen erfëllt sinn, sou de Xavier Bettel. D'Kommissioun krut d'Mandat ee Rapport ze maachen. Dono soll decidéiert ginn, wéi et viru geet.

Déi néideg Unanimitéit koum dono awer zustanen an d'Ukrain a Moldawien sinn elo Bäitrëttskandidaten vun der EU. Georgien kritt dee Statut an Aussiicht gestallt, esou bal bestëmmte Reformen erfëllt sinn.

Charles Michel: Eng historesch Decisioun

Et ass fir de Conseilspresident Charles Michel "een historeschen Accord", an d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen ënnersträicht d'Wichtegkeet vun dëser Decisioun: "E mécht déi betraffe Länner méi staark par rapport zu enger russesche Aggressioun".

Op där anerer Säit géif d'EU renforcéiert ginn, well der Welt gewise gëtt, datt si zesummen a staark par rapport zu externe Menacen optrëtt. Et stécht vill Symbolik an där Decisioun. "D'Ukrain kritt kee Blankoscheck, mir soen net, datt et elo an der Rei ass. Nee. Si kruten Hausaufgaben, déi mussen erfëllt ginn", präziséiert de Xavier Bettel.

Frustratioun bei den EU-Kandidaten aus dem Westbalkan

Allerdéngs war en Donneschdeg nees eng Kéier den Dag vun der Wourecht fir déi, déi d'Hausaufgabe scho gemaach hunn. Dozou gehéieren Albanien a Nordmazedonien. Béid Länner erfëllen all d'Konditiounen a waarden zanter Joren drop, datt d'Verhandlungen iwwert de Bäitrëtt ufänken. Dat geschitt den Ament net, well Bulgarien blockéiert.

Deementspriechend grouss war de Frust an och d'Roserei vun de Leaderen aus dem Westbalkan, déi extra op Bréissel gereest waren, fir dono mat eidelen Hänn nees heem ze fueren. "Et ginn hei schéi Biller gemaach, ma et wier nach besser, wa sech d'EU un hir Versprieche géif halen", sot den albanesche Premier Edi Rama. Den Edi Rama hat och ee Rot fir déi ukrainesch Bierger. Si sollte sech net ze vill Illusiounen maachen, datt hirt Land séier kéint Member vun der EU ginn.