Konsumenteschutz ULC presentéiert hir Fuerderunge virun de Chamberwalen

De Konsumenteschutz begréisst de rezenten Tripartite-Accord, mee et hätt ee nach méi wäit misste goen, seet de President vun der ULC Nico Hoffmann. Um Dënnste goufen virun der Presse d'Fuerderunge vum Konsumenteschutz fir d'Chamberwale presentéiert. D'Upassung vun der Steiertabelle wier ee Schrëtt deen ze begréisse wier an d'Steierpolitik misst nach fir méi Gerechtegkeet suergen.

Morgane Weidig / ll

ULC

Déi aktuell Krisen hätten Auswierkunge bis an d'Mëttelschicht an et wier wichteg d'Kafkraaft weider ze stäerken, erklärt de Nico Hoffmann. Ënner anerem fuerdert d'ULC d'Ofschafung vun der Steierklass 1A an allgemeng eng Upassung vun der Steiertabell. Ausserdeem fuerdert de Konsumenteschutz dat Steiere fir héich Revenuen an Zukunft misste klammen.

Automatesch Indexupassung

Weider Fuerderunge vun der ULC betreffen de Bankesecteur, D'Liewensmëttelsécherheet a Logementspolitik.

Déi rezent Krise gräife bis an d'Mëttelschicht, betount de Nico Hoffmann. Déi nei Moossname vum Tripartite Accord vum 4. Mäerz an och déi automateschen Indexupassung wiere wichteg, fir d'Kafkraaft ze erhalen a souguer ze stäerken.

D'Regierung hätt der ULC no awer nach méi wäit kenne goen, fir méi Steiergerechtegkeet ze schafen. D'ULC géif, trotz der schwiereger Situatioun, fuerdere keng Steiere méi um Mindestloun ze bezuelen. Et géif och eng Upassung vun de klengen a mëttlere Revenue vun der Steiertabell un d'Inflatioun virgeholl ginn.

Gesellschaft ouni Boergeld

De Konsumenteschutz fuerdert och, datt eng méi héich Besteierung vun héije Revenuen an Zukunft keen Tabu-Thema méi sollt sinn.

D'Directrice vun der ULC, Aline Rosenbaum, bedauert hirersäits, datt de Projet de Loi zu Sammel-Kloen nach net viru komm ass. Si wéilte bëssen Drock op déi politesch Parteien ausüben, well de Gesetzesentworf scho vill méi wäit fortgeschratt ass a kuerz virun der Adaptatioun steet.

Iwwerdeems warnt de Nico Hoffmann och virun enger Gesellschaft ouni Boergeld. D'ULC kritiséiert ënnert anerem dat reegelméisseg zoumaache vu Bank-Guicheten. An der Chamber ass den Dënnsten en ëffentlechen Debat iwwert eng Petitioun, déi ee Recht op illimitéiert Boergeld Bezuelung fuerdert.

Méi zum Thema

Aline Rosenbaum
Konsumenteschutz

De Konsumenteschutz fuerdert contraignant Mesuren, déi d'Banken drun hënnere solle systematesch Agencen zouzemaachen a Bankomaten ofzebauen. Dat wier e richtege Gesellschafts-Probleem, seet déi nei Directrice vun der ULC, Aline Rosenbaum.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen