Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Um Balkan steet d'EU fir Hoffnung - mä wéi laang nach?

EU-Erweiderung

Um Balkan steet d'EU fir Hoffnung - mä wéi laang nach?

An de lesche Méint ass vill iwwer EU-Austrëtter geschwat ginn, mä et ginn och Staaten, déi der Europäescher Unioun wëlle bäitrieden: Virun allem an der Balkan-Regioun hoffe vill Bierger, datt hir Länner sech ënnert dem Afloss vun der EU zu stabillen Demokratien entwéckelen. Mä hu Staate wéi Serbien a Montenegro am Moment eng realistesch Chance fir een EU-Bäitrëtt? A wat geschitt, wa si net opgeholl ginn?

auto_stories

4 min

Et ass zënter Joren dee selwechte Zeenario, wa Politiker aus der EU um Balkan ënnerwee sinn: Virun de Kamerae gëtt betount, d'Gespréicher iwwert den EU-Baitrëtt géife gutt virukommen - esou och, wéi den Ausseminister Jean Asselborn d'lescht Woch an der Regioun war. Montenegro kéint an dräi bis fënnef Joer Member vun der Europäescher Unioun ginn, huet et do geheescht. Vun alle Bäitrëttskandidaten hätt dëse Balkan-Staat domat déi beschte Chancen.

Esou Ukënnegunge léisen bei de Bierger an der Regioun Hoffnung aus: Op der Uni an der montenegrinescher Haaptstad Podgorica soe vill Studente, si géifen dru gleewen, datt hiert Land der EU an den nächste Jore bäitrëtt. Dobäi géif et net nëmmen ëm wirtschaftlech Virdeeler goen, mä och ëm déi europäesch Kultur, esou eng Studentin, mat där mir geschwat hunn. Et géif hir dorëm goen, fir d'Diversitéit an der EU kënnen ze genéissen.

Konditioune fir een EU-Bäitrëtt

Fir datt esou Hoffnunge sech erfëllen, muss Montenegro awer fir d'éischt eng Rei Konditiounen erfëllen: zum Beispill am Kampf géint d'Korruptioun oder déi organiséiert Kriminalitéit. Dat misst een de politesche Verantwortlechen och kloer maachen, esou de Lëtzebuerger Ausseminister bei sengem Besuch an der Regioun. Dat wat zesummen ofgemaach gouf, misst erfëllt ginn, esou de Jean Asselborn.

Den montenegrineschen Ausseminister Srdjan Darmanović ass iwwerzeegt, datt säi Land dës Baitrëtts-Konditioune vun der EU bannent den nächste fënnef Joer kann erfëllen. Hie stellt sech awer d'Fro, ob d'EU selwer bereet ass, fir nei Memberen opzehuelen. Senger Meenung no wier dat de Fall: déi beschten Äntwert op de Brexit wier et, fir d'EU z'erweideren, huet den Ausseminister vu Montenegro gesot.

Vill EU-Staate gesinn dat am Moment awer anescht: Ze dacks haten si a leschter Zäit Problemer, sech ënnerteneen eens ze ginn. Zum Beispill an der Flüchtlings- an an der Griicheland-Kris.

Schäindebatt an Oflenkungsmanöver

Fir Staate wéi Serbien, de Montenegro oder Kosovo, wier déi europäesch Perspektiv dofir haut manner gräifbar, wéi nach virun e puer Joer, seet de Florian Bieber. Fir de Balkan-Expert vun der Uni Graz ass d'Diskussioun iwwer den EU-Bäitrëtt vun de Balkan-Länner am Moment eng "Schäindebatt".

Aner Staate probéieren dowéinst hiren Afloss an der Regioun auszebauen. Russland huet d'lescht Woch ugekënnegt, datt et Serbien sechs Kampffligeren an 30 Panzere wëllt zur Verfügung stellen. A moslemesch gepräägte Staaten, wéi Bosnien-Herzegowina oder Kosovo huet iwwerdeems d'Tierkei an de leschte Jore verstäerkt investéiert: zum Beispill fir Moscheeën ze renovéieren, esou den Expert Florian Bieber. D'Tierkei a Russland hätte probéiert, sech och politesch an der Regioun z'engagéieren. Hir Stäerkt wier awer nëmmen d'Produkt vun der Schwächt vun der Europäescher Unioun.

Politiker aus de Balkan-Staate géife Russland an d'Tierkei awer gären als Alternativ-Partner duerstellen, fir datt si méi bei der EU kënnen erauszeschloen, esou de Professer vun der Uni Graz.

Och datt et a leschter Zäit nees méi politesch Spannungen gouf, zum Beispill tëscht Serbien an dem Kosovo, hätt domat ze dinn, datt den Afloss vun der EU ofhëlt. Weder d'Populatioun nach d'Elitte wéilten awer een arméierte Konflikt. Den Expert schwätzt vun innepoliteschen Oflenkungsmanöveren.

Eng Taktik fir vun ze wéineg Demokratie an dëse Staaten ofzelenken, déi zwar bei de Wieler kéint funktionéieren. D'Chancen der EU bäizetriede ginn doduerch awer wuel net méi grouss.