Jugendschutz a Jugendstrofrecht UN-Expertin: "Lëtzebuerg brauch e Prisong fir Mineuren"

Lëtzebuerg bräicht en zousätzleche Prisong fir Jugendlecher, déi ganz schwéier Strofdoten beginn, seet d'Renate Winter. Déi international unerkannten Kannerrechtsexpertin hëlleft der Justizministesch Sam Tanson dat aktuellt Jugendschutzgesetz ze reforméieren.

Rick Mertens (Interview) / Claude Biver (Web)

Renate Winter
D'Renate Winter am Mäerz 2019. Foto: Archiv

Lëtzebuerg ass net am Aklang mat de Mënscherechter, wann et Mineuren an de Prisong op Schraasseg setzt. Där Meenung ass d'Renate Winter. Déi international unerkannte Kannerrechtsexpertin seet, Lëtzebuerg bräicht nieft der Unisec zu Dräibuer ee weidere Prisong fir schwéier stroffälleg Mineuren.

Prisong muss méiglech sinn

D'Riichter missten d'Méiglechkeet hu fir en Ausgläich ze fannen tëschent de Schutzbedierfnesser vum Ugekloten an de Schutzbedierfnesser vun der Bevëlkerung. Et misst deemno entscheet kënne ginn, ob eng Haft néideg ass oder net, mee et géif awer net goen, datt et iwwerhaapt keng Haftméiglechkeete ginn.

"Sie werden nicht darum herumkommen, dass sie eine Anstalt brauchen, die jugendliche Straftäter aufnimmt, wenn sie gefährlich sind, und wenn sie eine Straftat in einem gewissen Ausmaß begangen haben. Wenn jemand drei Schokoriegel stielt, dann brauch ich ihn nicht in eine Haftanstalt geben. Aber wenn jemand massiv aggressiv ist, und schwere Straftaten begeht, dann werde ich mit einer alternativen Massnahme nicht das Auslangen finden können."

Der Renate Winter no géif et awer net goen, datt Jugendlecher an Isolatiounshaft kommen a sou 23 Stonnen den Dag an enger Zell sëtzen a just eng Stonn Sortie hunn. "Das geht nicht", seet si.

Jugendschutz a Jugendstrofrecht getrennt behandelen

D'Kannerrechtsexpertin vun der UN plädéiert dofir, datt an engem eegene Gesetz soll gereegelt ginn, wéi stroffälleg Mannerjäreger behandelt ginn. Bis elo fale si hei am Land ënner d'Jugendschutzgesetz.

Der Renate Winter no solle Jugendlecher vu 14 Joer un ënner dat Gesetz falen. D'UN-Kannerkommissioun, vun där si Vizepresidentin ass, géif dësen Alter och recommandéieren. Dat wier europawäit och den Duerchschnëtt, seet si.

Ënner dem aktuelle Gesetz kënne schwéier stroffälleg Jugendlecher an den Erwuesseneprisong op Schraasseg kommen. Am Moment ass ee 17-Järegen an där Situatioun. An den Ae vun der Renate Winter ass dat awer net konform mat de Mënscherechter.

D'Diskussiounen iwwer en neit Jugendschutzgesetz dauere schonn iwwer zéng Joer, bis elo war awer keen Accord fonnt ginn. Déi international unerkannte Kannerrechtsexpertin Renate Winter, déi um Ausschaffe vun der Reform bedeelegt ass, seet et wier elo en Accord an Aussiicht. Et misst ee Jugendstrofrecht a Jugendschutz getrennt behandelen, béid bräichten en eegent Gesetz.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Ralph Schroeder
Stroffälleg Jugendlecher

D'Unisec soll Mannerjäreger opfänken, déi soss géifen an de Prisong kommen, seet hiren Direkter. Et wiere keng grouss Upassunge néideg, wann de Prisong zu Schraasseg ganz fir Mannerjäreger zougemaach gëtt, sou de Ralph Schroeder.

D'UNISEC zu Dräibur
Centre socio-éducatif

Véier Jugendlecher sinn aktuell an der zouener Sécherheetsunitéit zu Dräibur. D'Zil ass et, datt keng Mannerjäreg am Prisong fir Erwuessener agespaart ginn. Et ginn awer keng fest Critèrë fir e Placement.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen