Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Una mattina mi sono alzato ... Noutstand Wunnen

Fräie Mikro

Una mattina mi sono alzato ... Noutstand Wunnen

Déi aktuell sanitär Kris sollt eis net vergiessen doen, datt d'Lag um Wunnengsmaart sech mëttlerweil zu enger dramatescher sozialer Kris zougespëtzt huet, déi no fundamentale politesche Reformen, mee och no kollektivem Protest rifft. Dozou de Fräie Mikro vum Denis Scuto, Historiker a Vizedirekter vum Centre for Centemporary and Digital History (C2DH).

auto_stories

4 min

Foto: Archiv

Virgëschter huet de Jérôme Quiqueret am Tageblatt déi nei BD "Bella Ciao" besprach an dobäi sengem Auteur d'Wuert ginn, dem Baru, dee grouss ginn ass an den Aarbechterkolonien zu Thil an der Meurthe-et-Moselle, déi aner Säit vun der Lëtzebuerger Grenz. Hien erzielt hei d'Geschicht vun den italieenesche Migranten iwwer ee Joerhonnert, a Form vun enger Familljesaga.

De Baru schwätzt vun der Aarbechterkultur, vum kollektive Protest géint Ongerechtegkeeten a bedauert, datt Mënschen haut menge si kéinten et eleng packen.

"Quand un prolo prenait une gifle, il cognait avec son poing; ces gens étaient debout. La domination capitaliste libérale a forgé cette mystification de l'individualisme qui a fait une génération de gens couchés."

Vum Zäitalter vun der Industrie hat ech och kierzlech an enger Virliesungsrei op der Uni geschwat a vun der Aarbechterbeweegung, déi déi sozial Rechter erkämpft huet, déi mer haut als selbstverständlech ugesinn, wéi wa se eis wéi en Naturgesetz oder aus Philanthropie an de Schouss gefall wieren. Ech hu virun de Studentinnen a Studenten, d'Hallschent viru mer, déi aner online zougeschalt, eng Klamer opgemaacht a si gefrot, ob si mengen, datt den Noutstand an d'Ongerechtegkeeten um Wunnengsmaart sech wäerten änneren, wa jiddweree just an sengem Eck doriwwer nodenkt oder op sengem Handy doriwwer kommunizéiert.

Opstoen

Wa Jonker a manner Jonker haut net opstinn, mat der Fauscht op den Dësch schloen an op d'Strooss ginn, fir d'Grondrecht Wunnen anzekloen, dann ännert sech näischt un de steierlechen Ongerechtegkeeten. Just ee Beispill: Wat ee méi Haiser oder Appartementer besëtzt, wat een zu Lëtzebuerg manner Steiere bezilt. 500 Persounen oder Societéite gehéiere mëttlerweil 50 Prozent vun den Terrains constructibles am Land. An der Haaptstad gehéieren den Top Ten souguer 75 Prozent vum Bauterrain. An eis Gesetzer ginn hinnen d'Méiglechkeet bal keng Steieren ze bezuelen.

Wann déi meescht weider dovun ausginn, et géif, et kéint oder et misst ee souguer d'Defien am Liewen eleng meeschteren, da kënne Staat a Gemengen esou weiderfuere wéi déi lescht fofzeg Joer an nëmmen homeopathesch um Wunnengsmaart intervenéieren an de Maart gewäerde loossen. Den Niveau vu sougenannte Logements à prix abordable ass um Niveau vun 1970 stoe bliwwen. Bau a Besëtz vu Wunnraum mussen an den nächste Joren massiv an ëffentlech Hand iwwergoen. Mee dat wäert net vum selwe geschéien.

D'Fauscht aus der Täsch huelen

An de leschten zwee Joerzéngte sinn d'Immobiliepräisser dräimol méi séier geklomme wéi d'Salairen. D'Wunnengskris ass eng sozial Kris, déi zu engem ëmmer méi dramatesche Kafkraaftverloscht net nëmme vun den ënneschte Schichten, mee och vun der Mëttelschicht féiert. Wéi d'Chambre des salariés gewisen huet, ass Lëtzebuerg mëttlerweil um Niveau vun den EU-Mëttelmierlänner ukomm, wat d'Surcharge vum Coût de logement betrëfft. 2017 hunn d'Menagen zu Lëtzebuerg an der Moyenne 30 Prozent vun hirem Revenu fir d'Bezuelung vum Loyer missen afferen, géint 20 Prozent an Däitschland. Mir hunn e Mietgesetz, dat d'Loyere lasskoppelt vun der Entwécklung vun de Léin an der Kafkraaft. Wa Jonker a manner Jonker net zesummen agéieren, gëtt dat neit Loyersgesetz, dat deemnächst gestëmmt soll ginn, net besser. Déi éischt zwou Maniffen zum Noutstand Wunnen leschtens sinn en éischt wichtegt Signal, datt kollektive Protest zu Lëtzebuerg néideg a méiglech ass.

An anere Länner kënnt et zur Gentrifizéierung vu Staddeeler, bei eis hu mer et lues a lues mat enger Gentrifizéierung vun engem ganze Land ze dinn, net nëmmen mat der Verdrängung vu finanziell schwaache Menagen aus den Uertschaften, mee och mat der forcéierter Auswanderung vu Jonken a manner Jonken aus der Mëttelschicht, déi zu Lëtzebuerg schaffen, mee an d'Ausland musse wunne goen, well d'Präisentwécklung zu Lëtzebuerg ausser Kontroll gelooss gëtt.

All zesummen!

De sozialen Noutstand am Wunnengsberäich weist, datt et Zäit ass d'Fauscht aus der Täsch ze huelen. Well wa mer d'Kräfte vun der fräier a globaliséierter - an nimools wäertneutraler - Maartwirtschaft einfach gewäerde loossen, da gi mer vun där Maartwirtschaft iwwer zur Maartgesellschaft, d. h. enger Gesellschaft, wou eng kleng Minoritéit vu Mënschen, perfekt iwwer Internet informéiert, hir reng perséinlech Interesse maximal duerchsetze kann. Wou keen Intermediaire tëschent Produzent a Konsument wéi de Staat méi intervenéiert a Grondrechter schützt. Enger Gesellschaft, an där Rentabilitéitsprinzipie rücksichtslos op Beräicher wéi Wunnen, Gesondheet, Bildung a Sécurité sociale ausgeweit ginn.

D'Lidd "Bella Ciao" ass jo mëttlerweil duerch eng Netflix-Serie weltbekannt ginn. Et geet u mat: "Una mattina mi sono alzato!" Héich Zäit opzestoen! All zesummen!


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.