Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Digitale Radio ëmmer méi präsent an Europa

World Radio Day

Digitale Radio ëmmer méi präsent an Europa

"Radio is you" ass de Motto vum sechsten UNESCO-Weltradiodag vun dësem 13. Februar A ville Länner seet de Radio der analoger Ära "Äddi" a kuckt an eng digital Zukunft. Zu Lëtzebuerg geet dovu kaum Rieds.

auto_stories

4 min

D'Medielandschaft ass an engem konstante Wandel an d'Digitaliséierung beaflosst och de Radio. De Radio huet d'Potenzial, fir an enger digitaler Welt matzehalen, dovun ass d'Alison Meston, UNESCO-Coordinatrice vum Weltradiodag, iwwerzeegt. De Medium Radio géif nämlech weltwäit awer nach ëmmer méi Leit erreechen, wéi all anere Medium - an dat méi wéi 100 Joer no senger Erfindung.

"Mam Radio kann ee séier Informatioune verdeelen", seet si. "Am Verglach mat de sozialen Netzwierker weess ee beim Radio direkt, op d'Noriichte richteg oder falsch sinn. Beim Radio huet ee Presentateuren an d'Leit kënne beim Radio uruffen, wa si mengen, déi hätten eng falsch Informatioun viruginn", sou d'Alison Meston. Radio wier allerdéngs och ee vergläichsweis ale Medium an dowéinst wier et wichteg dofir ze suergen, datt ee mat der Zäit geet, esou d'Unesco-Mataarbechterin. Fir d'Zukunft vum Radio wier et dofir wichteg, datt een déi Technologië kritt, déi e brauch.

EBU: Digitale Radio vergréissert Offer, mee...

De Graham Dixon, Responsabel fir Radio bei der EBU (Europäesch Radio- an Tëlees-Unioun) ass der Meenung, datt den digitale Radio dem Nolauschterer eng méi grouss Offer bréngt. D'Käschte fir Radioscontenu ze produzéieren, kéinten doriwwer och laangfristeg reduzéiert ginn, an dat géif d'Innovationskraaft vu Radiosendere stäerken.

Allerdéngs ginn et senger Meenung no och Problemer: Net all Nolauschterer traut sech, zum Beispill, un déi nei Technik erun. "Vläicht huet deen een oder aneren en digitale Radio am neien Auto, deen e sech keeft, mee doheem ass dat eng aner Saach. Et ginn och nach aner Grënn, déi déi technesch Entwécklung kéinte bremsen. Et gi kommerziell Interessen, déi d'Zil hunn, der Konkurrenz d'Méiglechkeet ze huelen, fir Accès op eegen Nolauschterer ze kréien".

Norwegen als Virreider bei DAB+

Norwegen stellt d'Radiodiffusioun am Laf vun dësem Joer ëm, op den digitale Radiostandard, "Digital Audio Broadcasting", kuerz DAB+. Dëst ass e Standard fir den terrestreschen Empfank vum Digitalradio. De Frequenzberäich deen DAB+ benotzt, ass méi grouss an a Bléck opgedeelt, woubäi an engem Block bis zu 12 Radiossignaler kënnen iwwerdroe ginn.

Den digitale Radio nom Standard DAB+ bitt eng besser Tounqualitéit an den Empfang soll ouni Stéierunge sinn. Doriwwer eraus kënnen d'Nolauschterer Zousazinformatiounen ugewise kréien, wéi zum Beispill Wieder- a Verkéiersinformatiounen. De Marius Lilelien, Direkter vum norwegeschen ëffentlech-rechtleche Radiosender NRK seet, den DAB+-Standard wier immens wichteg fir säi Land. Norwegen huet déi längste Küsteregioun an Europa. "Et ass een immens grousst Land, mee et liewe just fënnef Millioune Leit hei. Radiodiffusioun ass dowéinst immens schwéier an deier. Mir konnten also net ze laang analogen an digitale Radio parallel ausstrahlen".

Vu siwen op 30 Senderen

Norwegen konnt déi weltwäit Virreiderroll am Beräich vum digitale Radio iwwerhuelen, well sech d'Fournisseure vun den ëffentlech-rechtlechen an de kommerzielle Sender fréi mat de Produzente vun digitale Radioen iwwer en Ëmsetzungsplang eens gi sinn.

D'Käschte fir e Radiosprogramm digital auszestrahle wiere laangfristeg méi niddereg, seet de Marius Lilelien weider. An Norwegen hätt et virun der Aféierung vum DAB+-Standard siwe verschidde Sendere ginn, elo wieren et der 30. Et hätt awer och Reklamatioune ginn. "Natierlech, DAB+ bedeit, datt d'Konsumenten nei Radioe musse kafen oder op Internetradio mussen auswäichen. Virun der Aféierung vun DAB+ goufen et méi Leit, déi sech beschwéiert hunn, wéi duerno. Ech sinn dofir der Meenung, datt d'Konsumente gesinn, datt et fonctionnéiert. Datt eis nei Radiosendere vill gelauschtert ginn, ënnersträicht dat".

D'Limitte vum analoge Radio

D'Argument, DAB+ wier keng richteg Zukunftstechnologie an et misst ee méi op Radio iwwer Internet setzen, wier falsch. De Marius Lilelien ass der Meenung, datt ee Radio am meeschten dovun huet, wann e Contenu iwwer DAB+ an iwwer Internet verdreift.

An zwar well ee mat dëser Distributiounsplattform vill verschidde Radiosendere kéint ausstrahlen. "D'Kombinatioun vum FM-Standard an Internetradio mécht iwwerdeems net vill Sënn. Et huet een onendlech vill Méiglechkeete mam Internetradio, mee den analogen FM limitéiert een", sou den Direkter vun NRK.

Aner Länner suivéieren Norwegen

An Italien sollen déi éischt ëffentlech-rechtlech Senderen Enn dës Joers op DAB+ ëmgestallt ginn. Holland an d'Belsch wëllen déi analog Radio-Senderen déi nächst Joren ofschafen. An der Schwäiz sollen 2024 déi éischt Radiosendere sech op den neie Standard ëmstellen. An Dänemark benotzt all drëtten Nolauschterer schonn den digitale Radio. An Däitschland hu ronn 14 Prozent vun der Populatioun en digitale Radio.

Hei am Land gouf et virun enger Rei Joren en Aarbechtsgrupp iwwert d'Thema DAB+. Konkret Resultater goufen et awer keng. De Lëtzebuerger Medieministère huet eis op Nofro erkläert, et géifen intern Gespréicher iwwer d'Aféierung vum digitale Radio ginn. Ob a wéini digitale Radio hei a Lëtzebuerg kéint agefouert ginn, wier fir de Moment awer nach net decidéiert.