Radioen

On air

Al Schanken  |  Vaughan, Stevie Ray - Pride And Joy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Finanziellen an administrative Chaos

Uni Lëtzebuerg

Finanziellen an administrative Chaos

D'Uni Lëtzebuerg huet fir 2017 nach keen approuvéierte Budget. Dem Gesetz no hätt den detailléierte Budget scho misse virum 1. Abrëll 2016 vum Regierungsrot gutt geheescht ginn. Uni-intern rumouert et wéinst den onklore Budgetsprozeduren.

auto_stories

3 min

Déi éischt akademesch Rentrée um neie Campus Belval am September 2015 (Archivfoto)

An enger rezenter externer Evaluatioun war festgestallt ginn, datt d'Uni Lëtzebuerg eng ontransparent an onkloer Budgetsprozedur hätt. Dowéinst hätt sech d'Tendenz etabléiert, datt ëmmer nees Ausname vun de Regele gefrot ginn.

Onkloer Prozeduren, vill Wënsch

Déi Analys confirméiert sech an dësen Deeg: Eng etlech Méint nodeems den detailléierte Budget fir 2017 schonn hätt misse finaliséiert sinn, hunn déi verschidde Fuerschungsunitéite eisen Informatiounen no Finanzéierungswënsch fir 2017 formuléiert, déi wäit iwwer dem globale pluriannuelle Budget leien.

De pluriannuelle Budget gouf 2014 accordéiert an zejoert nach emol liicht eropgesat. Hei krut d'Uni fir d'Joer 2017 ronn 160 Milliounen Euro zougesprach. Méi Sourcë soten eis, d'Finanzéierungswënsch géife 27 Milliounen Euro iwwert dem zougesote Budget leien.

Equilibréierte Budget

De President vum Conseil de Gouvernance Yves Elsen ass op Nofro hi formell: Hie seet, datt et kee Finanzéierungsbedarf gëtt, deen iwwer deen disponibele Budget erausgeet. Hie wëll de Budget vu ronn 160 Milliounen Euro also anhalen.

Dat deckt sech mat méi Sourcen, deenen no d'Rektorat dem Conseil Universitaire den 30. Mäerz an enger aussergewéinlecher Reunioun wëll en equilibréierte Budget virleeën. D'Zentralservicer vun der Uni esou wéi déi eenzel Fakultéiten a Fuerschungszentre mussen hir zejoert formuléiert Wënsch deemno un d'Realitéit adaptéieren.

Spuermesuren néideg?

A viraussiichtlech muss op eenzelne Plazen och gespuert ginn: Engersäits kéint et sinn, datt d'Budgete bannent der Uni par rapport zum Joer virdru liicht anescht verdeelt ginn, fir datt si méi staark de strategesche Prioritéite vun der Uni entspriechen (eppes wat an der externer Evaluatioun och gefuerdert gouf).

An anerersäits muss d'Uni aus hirem lafende Budget méi héich Maintenancekäschte stäipe wéi erwaart. Et heescht, datt ënnert anerem ee gréisseren Invest an d'IT-Infrastruktur néideg ass.

Aussergewéinleche Retard

Am Héichschoulministère heescht et op Nofro hin, datt de Budget vun der Uni bis elo ni am Zäitplang, wéi en am Gesetz virgeschriwwen ass, prett war. Datt et sou ee grousse Retard gëtt, wier awer effektiv aussergewéinlech, esou de Léon Diederich, dee Regierungskommissär am Conseil de Gouvernance vun der Uni ass.

Fir dat éischt Trimester 2017 ass ee provisoresche Budget ugeholl ginn. Och 2014 wier schonn emol mat engem provisoresche Budget geschafft ginn, betount den Unis-President Yves Elsen. Deemools hat dat awer mam rezente Regierungswiessel an Onkloerheete beim Plënnerbudget vun der Uni ze dinn. Dës Kéier ass de Retard eisen Informatiounen no awer hausgemaach.

Recteur an der Kritik

Besonnesch an der Kritik steet dobäi bannent der Uni de Recteur Rainer Klump, deem ee Manktum un Dossierskenntnis, Organisatiounstalent an Duerchsetzungsfäegkeet reprochéiert gëtt.

Zur Fro, wien d'Responsabilitéit fir déi aktuell Situatioun dréit, seet de Léon Diederich vum Héichschoulministère, et géif een elo net mam Fanger op iergendee weisen. An all Betrib kéint et zu sou Situatioune kommen. Haaptsaach wier, datt de Budget um Enn equilibréiert ass. D'Qualitéit vun den Aktivitéiten op der Uni wier net a Gefor, et géif genuch Previsibilitéit an de Budget géif weider wuessen.

Avis vum Conseil Universitaire

Ob de Conseil Universitaire, deen den 30. Mäerz zesummekënnt, fir säin Avis zum Budget ofzeginn, d'Situatioun och esou positiv beuerteelt, bleift ofzewaarden.

D'nächst Joer ass mat engem ähnleche Chaos iwwerdeems net ze rechnen: De Budget 2018 soll schonn dëse Samschdeg am Conseil de Gouvernance vun der Uni ugeholl ginn, zesumme mat deem vun dësem Joer.