Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir hunn ee Feeler gemaach"

Uni Lëtzebuerg

"Mir hunn ee Feeler gemaach"

Fir den neien Interims-Recteur sinn d'Budgetsproblemer vun der Uni op eng "Management-Kris" zréck ze féieren. Et wieren organisatoresch a personell Konsequenze gezu ginn, esou de Ludwig Neyses. Méi präzis wëll hie sech net zu den Uersaache vum Rainer Klump sengem Récktrëtt äusseren.

auto_stories

3 min

Eng perséinlech Decisioun kéint just dee kommentéieren, dee se hëlt, esou de Ludwig Neyses. Den Interims-Recteur ass awer bereet, sech am Detail zum Kontext ze äusseren, an deem dës Demissioun geschitt. Méi konkret, d'Schwieregkeete vun der Uni dëst Joer hire Budget an de Grëff ze kréien:

"D'Situatioun ze beschreiwen, ass ganz einfach. De Budget 2017 ass elo ugeholl an en ass equilibréiert. Par konter huet sech am Virfeld gewisen, datt et eng Management-Kris gouf an och eng Organisatiouns-Kris, zu där mir stinn. All jonk Organisatioun huet sou eppes geleeëntlech. Mir sinn sou al wéi ee jonke Mënsch an der Pubertéit a mir maache Feeler."

Lo wier d'Uni am Gaangen dee Feeler ze korrigéieren. Zum Deel wier dat scho geschitt: De Budget 2017 wier do, a fir de Budget 2018 géifen et detailléiert Pläng.

"Kär vum Problem"

Datt d'Rektorat an d'Verwaltung vun der Uni ze spéit op de Budgetsproblem reagéiert hätten, gesäit de Ludwig Neyses net esou. Wouranner genau bestoung de Feeler dann? "De Kär vun deem, wat schif gelaf ass, ass wahrscheinlech, datt mir gewinnt waren all Joers gréisser Budgetshaussen ze kréien."

Dat wier an den éischte Jore wichteg gewiecht an dat hätt och de Succès vun der Uni erlaabt. Mee elo misst "vill, vill méi knapp kalkuléiert ginn - mir sinn elo an der Konsolidéierungsphas".

Keng Entloossungen

De Ludwig Neyses ass formell: Et géife wéinst de Konsolidéierungsefforte keng Leit entlooss ginn, an d'Coure vun de Studente wieren assuréiert. D'Net-Verlängere vun zäitlech limitéierte Kontrakter géif an éischter Linn d'Verwaltung concernéieren. D'Kontrakter vun den Doktorande géife verlängert ginn. Och fir d'Post-Doktorande wier dat "ganz wäitgoend" de Fall.

All d'Doyenen an all d'Direktere vun den Interdisziplinären Zentrume wéissten elo och genau Bescheed, wéi hire Budget dëst Joer ausgesäit. De Risiko, datt nach emol misst ajustéiert ginn, schätzt de Ludwig Neyses als geréng an.

Bannent den nächste Méint soll eng Konventioun ofgeschloss gi tëscht der Uni an dem Fonds Belval, deem d'Gebaier vun der Uni gehéieren. Doranner soll festgeluecht ginn, wie fir wéi eng Funktionnements- an Entretienskäschten opkënnt. Well d'Relatioun tëscht béide Säite sou komplizéiert ass, kéint hien net präziséieren, wéi vill d'Uni genau fir hire Funktionnement um Belval misst bezuelen, esou den Interims-Recteur. Och dat wier een am Gaangen ze klären.

Limitéiert Autonomie

Datt de Conseil de Gouvernance an eng Beroderin vu McKinsey aktuell a Budgetsfroen d'Soen hunn, géif déi administrativ Fräiheet vun der Uni limitéieren. D'Fuerschungsautonomie wier doduerch awer net a Fro gestallt, esou den Interims-Recteur.

Ënner "Curatelle" (wéi d'Lëtzebuerger Land et geschriwwen hat) wier d'Rektorat net, mengt de Ludwig Neyses. Mee déi administrativ a finanziell Autonomie wier elo effektiv limitéiert, "well et och d'Aufgab vum Conseil de Gouvernance ass, a Krisesituatiounen anzegräifen". Den Interims-Recteur hofft awer, datt dat just fir "e puer Méint" de Fall ass. D'Uni wier am Gaange sech besser Budetsprozeduren ze ginn, fir hir finanziell Autonomie dann nees zréck ze kréien. "A mir sinn do och scho ganz wäit viru komm".

Polemik wéinst Catering & Wäin

Den Interims-Recteur hëlt säi Virgänger iwwerdeems a Schutz géint Aussoen an engem Artikel am "Quotidien". Hei huet et geheescht, de Rainer Klump hätt Sue verschwend. Rieds geet vun 2 Millioune Catering-Käschte bei Oberweis an eng Fläsch Wäin fir iwwer 800 Euro.

D'Uni hätt zejoert fir all hir Receptioun zesummen, eng Rechnung vu ronn 200.000 Euro bei Oberweis gehat, esou de Ludwig Neyses. A beim Wäin wier et ëm den Akaf vun 100 Fläsche fir ronn néng Euro d'Stéck gaangen - Fläschen, déi mam Logo vun der Uni u Besuch aus dem Ausland verschenkt géif ginn.


De ganzen Interview vum Pia Oppel mam Ludwig Neyses:

Ludwig Neysesplay_arrow