Radioen

On air

Notturno  |  Jeff Parker - Executive Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stéphane Pallage gëtt neie Recteur

Uni Lëtzebuerg

Stéphane Pallage gëtt neie Recteur

De Regierungsrot huet de belschen Economist als Recteur genannt, op Propose vum Conseil de Gouvernance. Och de Conseil Universitaire hat der Nominatioun an engem consultativen Avis zougestëmmt.

auto_stories

1 min

D'Nominatioun vum Stéphane Pallage als Recteur vun der Uni Lëtzebuerg ass op dësem Freideg, 6. Oktober, vum Regierungsrot decidéiert ginn. Dat huet den deleguéierten Héichschoulminister Marc Hansen eis confirméiert.

Säi Mandat trëtt de Stéphane Pallage den 1. Januar un, esou d'Uni an enger Matdeelung. De Vize-Recteur Ludwig Neyses, deen zënter Mee Interims-Recteur ass, leed d'Dagesgeschäft bis zum Untrëtt vum neie Recteur.

De Conseil Universitaire huet eisen Informatiounen no gëschter e positiven Avis formuléiert. Den Avis vun deem Gremium, an deem d'Personal an d'Studente vun der Uni Lëtzebuerg vertruede sinn, ass konsultativ.

Wéi de radio 100,7 de 5. Oktober gemellt huet, proposéiert de Conseil de Gouvernance vun der Uni de Stéphane Pallage als neie Recteur. De belschen Economist schafft aktuell am Kanada op der Universitéit vum Québec zu Montreal.

D'Uni sicht een neie Recteur, nodeems de Rainer Klump am Mee an der Suite vun administrativen a budgetären Turbulenzen zréck getruede war.