Radioen

On air

Notturno  |  Artaban - A2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Autonomie garantéieren, mä wéi?

Uni Lëtzebuerg

Autonomie garantéieren, mä wéi?

Den delegéierten Héichschouliminister Marc Hansen (DP) an d'CSV-Deputéiert Martine Hansen plaidéiere fir ee staarkt externt Opsiichtsgremium. Neen, d'Proffessere mussen op enger autonomer Uni d'Soen hunn, äntwert de Raymond Bisdorff vun der Associatioun vun den Unis-Proffen.

auto_stories

3 min

Den delegéierten Héichschoulminister huet deen aktuelle Gouvernance-Modell vun der Uni als richteg Approche verdeedegt. Am Kader vum geplangten neien Unis-Gesetz wieren awer eng Rei Ännerunge virgesinn, déi eng Verbesserung fir déi verschidden Organer op der Uni géife bedeiten:

  • De Conseil Universitaire gëtt net méi vum Recteur presidéiert, mä wielt säin eegene President. An e géif zu "alle relevante Sujeten" een Avis ofginn, och zur Nominatioun vum Recteur.
  • Am Conseil de Gouvernance sinn d'Personal, d'Professeren an d'Studente mat consultativer Stëmm vertrueden.
  • D'Regierung gëtt Kompetenzen un de Conseil de Gouvernance of, notamment d'Nomination vum Recteur

Kritik um Reformprojet

De Raymond Bisdorff huet d'Fro opgeheit, wéi d'Uni een neie Recteur soll fannen, wann deen duerch d'Reform guer näischt méi ze soen hätt. Dorobber äntwert de Minister, datt de Recteur weiderhin d'Strategie vun der Uni géif ausschaffen. Dës géif vum Conseil de Gouvernance duerno just "arrêtéiert" ginn.

D'CSV-Deputéiert Martine Hansen bedauert, datt de Conseil Universitaire manner Aufgaben zougesprach kréich, wéi nach am Reformprojet vum deemolegen Héichschoulminister François Biltgen.

Legitimitéit vum Conseil de Gouvernance

Méi grondsätzlech war et d'Kritik vum Raymond Bisdorff, datt de Conseil de Gouvernance als reng externt Gremium iwwerhaapt esou vill Muecht huet. Op den europäeschen Unie wier et d'Traditioun, datt d'Proffesseren d'Soen hunn.

Am neie Gesetz wier net méi kloer, a wiem sengem Interesse d'Membere vum Conseil de Gouvernance missten handelen, sou d'Martine Hansen:

"An dem ale Projet de Loi stoung dran, datt de Conseil de Gouvernance seng Aufgabe misst erfëllen, am Interêt vun der Realisatioun vun de Missioune vun der Uni. Dat war dragesat ginn, fir definitiv ze soen, net am Interêt vun der Regierung, déi elo grad do ass. Dee Saz ass erausgeholl ginn. Do kéint ee jo denken, do mécht de Conseil de Gouvernance herno dat, wat d'Regierung grad wëll."

Verfassungsrechtleche Kontext

De Raymond Bisdorff huet och drop higewisen, datt et zu Lëtzebuerg schwiereg ass, ee legale Kader ze schafen, deen eng wierklech autonom Uni erméiglecht. Dat, well d'Verfassung virschreift, datt am Beräich vum Enseignement méiglechst vill Detailer iwwer Gesetz musse gereegelt ginn - an net iwwer Reglement.

Doduerch géif d'Uni ee groussen Deel un Autonomie vu vir era verléieren: Nämlech fir d'Organisatioun vun de Studie selwer ze bestëmmen. Dëst wier ee "fatale legalen Environnement" fir d'Uni an eng "peinlech" Situatioun fir de Legislateur, dee gezwonge wier an dësem Beräich mat engem Gesetz anzegräifen.

Eng Kris, keng Analys

D'Universitéit hat an de leschte Méint grouss Problemer mam Opstelle vun hirem Budget. An der Suite vun dëser "Management-Kris" ass uganks Mee de Recteur Rainer Klump no just zwee Joer am Amt zréckgetrueden. Dës Kris erkläert de Raymond Bisdorff domadder, datt kloer Prozedure feelen an datt d'Gesetz vun 2003 net präzis genuch wier.

D'Martine Hansen huet erkläert, datt d'Chamber keng Informatioune krut iwwert déi rezent Kris op der Uni. An hiren Ae géifen transparent Prozeduren feelen an d'Kommunikatioun géif net gutt funktionéieren.

De Minister verweist drop, datt d'Uni am Gaange wier hir Prozeduren ze verbesseren. Méi am Detail wëll de Marc Hansen sech zu de rezente Problemer net äusseren. Autonomie géif bedeiten, och selwer Responsabilitéit z'iwwerhuelen.

Véierjoresplang

D'CSV-Deputéiert Martine Hansen an den delegéierten Héichschoulminister hu kloer gemaach, datt et de politesche Wëlle gëtt, fir déi ëffentlech Depensë fir d'Fuerschung an den nächste Jore weider eropzesetzen.

Wéi de Budget vun der Uni Lëtzebuerg sech konkret wäert weider entwéckelen, wollt de Marc Hansen nach net soen. Et wier net dee richtege Moment Zuelen ze nennen, kuerz éier elo d'Verhandlungen iwwert deen nächste Véierjoresplang vun der Uni ufänken.

D'Martine Hansen huet derfir plaidéiert, datt Fuerschungsopträg vun der ëffentlecher Hand manner ad-hoc un d'Uni erugedroe ginn. Wa méiglech sollten dës an d'Véierjorespläng integréiert ginn, fir méi Previsibilitéit z'assuréieren.