Radioen

On air

Notturno  |  Whitney - On My Own

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Versichen, kritesch opzeklären

Uni Lëtzebuerg

Versichen, kritesch opzeklären

D'Fakultéit fir Droit, Finanzen an Economie géif sech vill an ëffentlech Debatten amëschen, seet hiren Doyen Stefan Braum. Dat wier wichteg, och wa Politiker Kritik dacks géifen ignoréieren.

auto_stories

4 min

Nei Carrièrespläng?

Enn August hält de Stefan Braum als Doyen vun der Fakultéit fir Droit, Finanzen an Economie op. No fënnef Joer op deem Posten, wéilt hie sech nees op Fuerschung a Léier konzentréieren.

D'Uni sicht no der Demissioun vum Rainer Klump een neie Recteur. Zur Fro, ob hie kandidéiert, seet de Stefan Braum: "Dir wësst, datt Juriste sech net zu Prozeduren äusseren, déi nach am Gaange sinn."

Sécherheetsgefill vs. Expertis

Als Penalist hätt hie sech mëttlerweil dru gewinnt, datt d'Politik enger aner Logik suivéiert. Zum Beispill wann et ëm d'Ofweien tëscht Fräiheet a Sécherheet geet. Während Juristen d'Fro stellen, wéi eng Mesuren néideg, sënnvoll an efficace sinn, géif d'Politik versichen, duerch d'Verschäerfe vu Gesetzer ee Gefill vu Sécherheet ze vermëttelen.

Lëtzebuerg wier do mat zwee neie Gesetzer zur Terrorbekämpfung zënter 2013, dem Staatstrojaner fir Justiz a Geheimdéngscht an deem neie Verfassungsartikel iwwert den Etat d'Urgence keng Ausnam.

Net Präventioun, mä Kontroll

Déi nei Anti-Terror-Bestëmmunge géife strofbar Faiten ëmfaassen, déi dem Stefan Braum no vu Geriichter net méi kënnen applizéiert ginn. Dat, well se net präzis definéiert an ofgegrenzt sinn.

Dat géif et dem Staat erméiglechen, eng Kontroll ze justifiéieren, net just vun dréngend Dotverdächtegen, mä am Prinzip vu Jidderengem.

"Wann et ee Verdacht gëtt, ass Iwwerwaachung erlaabt, ass de Staatstrojaner erlaabt, si generaliséiert Ermëttlungen erlaabt. Dohannert stécht ee Konzept vu Kontroll."

Engagéiert Wëssenschaft?

Datt d'Wëssenschaftler vu senger Fakultéit sech net genuch un der ëffentlecher Debatt iwwer d'Finanzplaz bedeelegen, wollt de Stefan Braum esou net stoe loossen: "Mir féieren net just Experten-Diskussiounen". An och um Léierstull fir Steierrecht, déi vun der Steierberodungsfirma Atoz gesponsert gëtt, géif kritesch an onofhängeg gefuerscht ginn.

A fir d'Geschicht vun der Finanzplaz opzeschaffen, géif et "mat Sécherheet" zu enger Zesummenaarbecht tëscht de Finanzwëssenschaftler an dem neien Institut fir Digital- an Zäitgeschicht (C2DH) kommen.

Spacemining: Fuerschung & Politik

Op der Uni hätt ee sech scho méi laang Gedanken iwwer de legale Kader fir d'Exploitatioun vu Weltall-Ressourcë gemaach, betount de Stefan Braum. Dës Reflexiounen hätt d'Regierung als Basis kënnen notzen, fir d'Gesetz iwwert de Spacemining.

Dat géif dem Critère vun der Autonomie deemno net widderspriechen, esou de Jurist: "Mir hunn hei keng Optraagsaarbecht gemaach, iwwerhaapt net."

Budgetschaos, mä kee Budgetslach

De Stefan Braum plaidéiert dofir, de rezente Budgetschaos op der Uni net ze dramatiséieren. Et kéint een net vun engem Budgetslach schwätzen. Beim Management vum Budget wieren et Problemer ginn: Dowéinst hätt een net kënne richteg virausgesinn, wéi d'Depensë fir Salairen an d'Infrastrukture sech géifen entwéckelen. Dat hätt d'Uni gezwonge fir ze kucken, wou ee kéint aspueren.

Datt de Conseil de Gouvernance dës Situatioun genotzt hätt fir d'Kontroll vun der Uni z'iwwerhuelen, ass fir de Stefan Braum eng falsch Interpretatioun. Mä natierlech wier et elo un der Uni-Communautéit, fir gemeinsam aus der aktueller Situatioun erauszekommen an hir Autonomie nees hierzestellen.

Transparenz: Jo, mä ...

Déi ëffentlech Debatt iwwert d'Turbulenze op der Uni hält de Stefan Braum fir polemesch. Natierlech misst d'Uni der Ëffentlechkeet géigeniwwer justifiéieren, wéi si mat Steiergelder ëmgeet. Dofir wier et awer net néideg, datt all intern Detailer iwwert de Budget an d'Press geroden.

Datt iwwert den neie Véierjoresplang (fir d'Joren 2018 bis 2021) an déi do definéiert Fuerschungsschwéierpunkten net ëffentlech diskutéiert gëtt, hält de Jurist fir richteg: Dëst wier "ee politesche Prozess", deen "net immens interessant fir d'Ëffentlechkeet" wier. D'Fakultéiten an déi interdisziplinär Zentrumen hätten hir Proposen agereecht, elo misst een ofwaarden, wat d'Regierung an d'Rektorat decidéieren.

Positiv Uni-Reform

"Ech fannen d'Gesetz net schlecht". Positiv wier, datt de Conseil Universitaire a méi Beräicher consultéiert gëtt an net méi vum Recteur presidéiert soll ginn. Dat Ganzt wier op méi Dialog ausgeriicht an et géif drop ukommen, wéi déi eenzel Acteuren dee Kader wäerten notzen.

Datt d'Gouvernance weiderhin enger "Top-Down"-Approche entsprécht wier "och net ganz falsch". D'Erwaardungen, deenen d'Uni misst Rechnung droen, kéint een net mat basisdemokrateschen Diskussiounen erfëllen.