Concernéiert sinn déi zwee Léierstill fir d'Fréi Neizeit a fir Transnational Lëtzebuerger Geschicht, heescht et an engem Communiqué vum historeschen Institut. D'Professeren, déi dës Poste bis ewell besat hunn, sollen am Hierscht net remplacéiert ginn. Well d'Uni net méi Sue wëll zur Verfügung stellen, fuerdert den historeschen Institut de Staat op, dat ze maachen.
Detachéiert Staatsbeamten
Ee vu béide Poste gouf vun engem detachéierten Enseignant besat, deen also net vun der Uni, mä vum Enseignementsministère bezuelt gouf, erkläert de Michel Margue.
Am Prinzip wier geplangt, datt "déi Posten an Zukunft net erneiert ginn oder ersat ginn, wann een a Pensioun geet. An dat betrëfft an éischter Linn d'Geeschteswëssenschaften."
Ongewollte Konkurrenz mam C2DH
Deen anere Posten ass fräi ginn, wéinst dem Wiessel vun engem Professer an deen neien interdisziplinären Zentrum fir Zäitgeschicht an digital Geschicht (C2DH) op der Uni. An der Strategie vun der Uni gehéiert dësen Zentrum zu de Prioritéiten.
Et wier awer net geplangt gewiescht, datt d'Geschicht an der "longue durée" um Geschichtsinstitut ofgebaut gëtt, wann deen interdisziplinären Zentrum gegrënnt gëtt, seet de Michel Margue:
"Mir hunn natierlech och Kontakt mam Recteur gehat, wéi geplangt ginn ass, eist Institut an zwee ze deelen - op der enger Säit d'Institut fir d'Geschicht an op der anerer Säit de Centre Interdisciplinaire iwwer d'Zäitgeschicht an d'Digital History. An déi Saache sinn alleguer beschwat, mä déi lescht Evolutiounen hunn déi Fro natierlech ee bëssi zougespëtzt, wou d'Posten an d'Suen higinn."
D'Resultat dovunner wier och eng ongewollte Konkurrenz tëscht Institut an Interdisziplinärem Zentrum, déi eigentlech gutt kéinten zesummeschaffen a sech och ergänzen.
Verschidde Spuermesuren
Eisen Informatiounen no muss d'Fakultéit vun de Geeschteswëssenschaften op der Uni dëst Joer beim ordinäre Budget 17 Prozent spueren am Verglach zu 2016. D'Geschichtsinstitut muss d'Depensen ëm 40 Prozent reduzéieren.
Dës Spuerefforte géifen déi ganz Universitéit concernéieren an och hoffentlech an der Zäit begrenzt bleiwen, seet de Michel Margue. Fir d'Geschichtsinstitut wier dat ze verkraaften, ënnert anerem well ee Succès hätt mam Beschafe vun Drëttmëttel fir d'Fuerschung.
Méi dramatesch wier et, wann d'Uni hire Budget fir fest Professer-Poste kierzt. D'Fuerschung géif sech thematesch an organisatoresch ronderëm de Professer organiséieren, well hie Fuerschungsbudgeten an Doktoranden un d'Land zitt.
Eng politesch Fro
D'historesch Fuerschung op der Uni huet an enger rezenter externer Evaluatioun gutt ofgeschnidden. An d'Zuel vun de Geschichtsstudenten ass an de leschte Jore geklommen. Wann elo um Niveau vun de Professuren d'Epoche virum 20. Joerhonnert net méi ofgedeckt wieren, géif de Geschichtsstudium op der Uni Lëtzebuerg riskéieren net méi den internationale Standarden z'entspriechen.
Dat wier ee Choix, iwwer dee misst ëffentlech diskutéiert ginn, mengt de Michel Margue. Et misst ee sech d'Fro stellen, ob ee sech et gesellschaftlech ka leeschten, datt zu verschiddenen historeschen Epochen net méi op der Uni gefuerscht gëtt: "Dat ass, wéi wann een d'Alphabet nëmmen hallef géif léieren."
Aktuell relevant Themen, wéi Migratioun, d'Trennung vu Kierch a Staat oder d'politesch Participatioun vun de Bierger wieren net nei an hätten hir Originnen deels wäit virum Joer 1900.
De ganzen Interview: