Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Unicef: "Mir brauche méi e faire Schoulsystem"

Weltkannerdag

Unicef: "Mir brauche méi e faire Schoulsystem"

D'Unicef fuerdert Verbesserungen am Beräich vun der Educatioun: Et misst méi dofir gemaach ginn, datt all d'Kanner am Lëtzebuerger Educatiounssystem déi selwecht Chancen hunn, esou de Paul Heber. Am Moment wäre Kanner aus aarme Famillen a Kanner mat Migratiounshannergrond benodeelegt - dat misst sech änneren.

auto_stories

3 min

De Paul Heber ass de Porte parole vun Unicef

Et misst een den Educatiounssystem un d'Realitéit upassen, seet de Paul Heber:

"Kanner, déi bei eis an d'Land kommen, an net onbedéngt esou germanophon sinn, déi hunn et schonn deemno wéi schwéier an der Schoul. Dat heescht, do muss ee wierklech driwwer nodenken, wéi een do kann eng koherent Strategie entwéckelen, fir datt einfach all Kand eng Chance huet."

D'Kanner mat abannen

D'Unicef wéilt iwwerdeems Kanner méi abannen, wann et ëm Sujete geet, déi si selwer betreffen. De Paul Heber ka sech virstellen, datt een Ëmfroen an de Schoule mécht. Hei kéinten d'Kanner "zimmlech gutt an éierlech äntweren", et misst een net ëmmer d'Eltere froen.

Et kéint ee mat de Kanner beispillsweis iwwer Themen diskutéieren, déi jiddweree betreffen, fir ze kucke wat si zum Thema Gewalt oder zum Thema Rechter ze soen hunn. "Dat ass eppes, wou ee gären nach eng Kéier mat deene Responsabele kann driwwer schwätze, fir justement ze evitéieren, datt ee vläicht nëmmen zéng Leit freet.", esou de Paul Heber.

30 Recommandatiounen un d'Regierung

Viru genee 30 Joer gouf déi international Konventioun vun de Kannerrechter vun de Vereenten Natiounen ugeholl. Zanterhier goufen et och hei zu Lëtzebuerg eng Rei positiv Verännerungen: ënner anerem wier et zu Lëtzebuerg mëttlerweil verbuede Kanner ze schloen, seet de Paul Heber, mee dat wier och e kulturelle Prozess:

"Do goufen et natierlech Saachen, déi och kulturell hu misse wiesselen. Do mussen d'Leit dacks einfach emol verstoen: Zum Beispill, firwat et e Problem ass, engem eng an d'Akaul ze ginn, och wann dat nach ëmmer esou war. Dat dauert dann einfach: et kann ee natierlech d'Gesetz änneren, mee do muss sech awer och d'Astellung änneren."

Fir den 30. Gebuertsdag vun der Konventioun huet Unicef der Regierung 30 Recommandatioune gemaach. Eng vun de grousse Recommandatioune wier d'Schafe vun enger Maison de l'Enfant, seet de Paul Heber:

"Wann e Kand Gewalt erlieft huet, an et muss doriwwer aussoen - dann ass et net gutt, wann et dat muss bei der Police maachen, an dann nach eng Kéier bei engem Affekot, an dann och nach bei engem Riichter. Et wier gutt, wann d'Kand net dräimol misst aussoen, mee eng Kéier an enger Maison de l'Enfant, wou dann all déi néideg Autoritéiten dobäi wieren. Da misst et net all Kéier erëm duerch deen Traumatismus goen."

D'Unicef begréisst ausserdeem, datt deemnächst keng Mannerjäreger méi an de Prisong op Schraasseg solle kommen. Et wier eng gutt Saach, datt d'Justizministesch dat entspriechend Gesetz wëllt änneren, esou de Spriecher vun der Unicef Paul Heber. Et hätt een awer scho laang op déi Ännerunge gewaart.