De Bäitrag vum Pierre Reyland lauschteren
Déi meescht Commercen hunn awer Kontrakter mat private Proprietären. An u si goung en Appell, vu Ministeren, Buergermeeschteren an Organisatiounen, sech solidaresch ze weisen, a mat hire Locatairen iwwer eventuell Loyers-Verzichter oder Reduktiounen ze diskutéieren.
De President vun der Union des Propriétaires, Georges Krieger, seet dozou, datt d'Loyere vum Mount Mäerz bezuelt gi wieren.
"D'Kris déi mer hei hunn, sou aktuell wéi se ass, ass eréischt zanter zéng Deeg. Wa fir d'Commerzanten eng 'Durststrecke' do ass, vu 14 Deeg, dräi Wochen, da misst dat kee Problem sinn, et sief dann, et war vun Ufank un e Betrib, dee Schwieregkeeten hat."
Dat heescht: D'Positioun vun der Union des Propriétaires ass, am Moment net op de Loyer ze verzichten. Mee wann et sech iwwer eng länger Zäit strecke sollt, recommandéiert d'Union des Propriétaires all hire Memberen an de Proprietären, si solle Flexibilitéit weisen an de Locatären d'Méiglechkeet zougestoe fir, zum Beispill, de Loyer an zwou Kéieren, oder méi spéit ze bezuelen. Mee einfach esou, elo direkt drop ze verzichten, wier relativ fréi, sou de Georges Krieger.