Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Unisec fir d'eischte Kéier 2021 complet

Gesellschaft

Unisec fir d'eischte Kéier 2021 complet

Well d'Bevëlkerung wiisst braucht Lëtzebuerg och méi Plaz fir Jonker opzefänken, déi soss an de Prisong op Schraasseg géife kommen. Dat seet de Procureur général adjoint David Lentz. D'Fro vun der Capacitéit an der Unisec zu Dräibuer ass op een Neits an der Diskussioun, dat nodems de Parquet e Mannerjäregen no enger Strofdot wéinst Plazmangel huet misste lafen loossen.

auto_stories

2 min

D'Unisec zu Dräibuer

Virun zwee Deeg sollt e Mannerjäregen wéinst "vol avec violence" an der zouener Struktur fir Mineuren placéiert ginn. Dozou ass et awer net komm, well an der Unisec keng Plaz war.

De Procureur d'Etat adjoint David Lentz seet dass him dëst Joer e "puer Fäll" bekannt sinn an deenen e Mannerjäregen aus deem Grond net konnt an der Unisec placéiert ginn. De Ralph Schroeder, Direkter vun der Unisec nuancéiert. Zwielef Plaze ginn et an der Struktur an hie a seet datt elo den 2. Juni déi éischte Kéier ee Mannerjähregen wéinst Plazmangel op fräie Fouss gesat gouf. Hie betount datt d'Opdeelung vun de Gruppen an der Unisec eng Roll spillt. Déi zwielef Plaze sinn a véier Wunngruppe vun all Kéiers dräi Zëmmeren opgedeelt. D'Geschlechter ginn an de Wunngruppen net gemëscht:

"Wa mer lo zum Beispill dräi Wunngruppe mat Jonge voll hätten an hätten an engem véierte Wunngrupp ee Meedchen. Da sinn zwar nach zwou Plaze fräi, mee mer kéinten net ee jong ophuelen. An dee Fall hate mer eng Kéier. Awer lo dass wierklech déi zwielef kummere besat sin, dee fall hate mer nach net."

Lëtzebuerg wier dem Ralph Schroeder no eigentlech gutt opgestallt, mat 12 Platzen fir Mineuren schwéier Strofdote begaangen hunn. Mee well d'Zuel esou kleng ass, géif et duer goen, datt e puer Fäll kommen, fir datt een an der Unisec séier un der maximaler Capacitéit ukënnt. D'Justiz fënnt datt zwielef Plazen "manifestement" fir d'Arrondissementer Lëtzebuerg an Dikrech net duer ginn a schwätzt vun enger frustréierender Situatioun, sou den David Lentz. Et hätt Jorzéngte gedauert, bis d'Unisec en place gewiescht wier an elo géif d'Plaz einfach net méi duergoen. Et géif een einfach feststellen, datt d'Populatioun géif eropgoen an d'Infrastruktur vun der Unisec deem net géif Rechnung droen.

D'Reform vum Jugendschutzgesetz misst forcement och eng Diskussioun iwwert Capacitéiten an adequat Infrastrukture mat sech bréngen, rappelléiert och den Direkter vun der Unisec.