Radioen

On air

Notturno  |  Tvesla - Lonesome Rider

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Unisec zu Dräibuer: "Mir sinn am Moment grouss genuch"

Stroffälleg Jugendlecher

Unisec zu Dräibuer: "Mir sinn am Moment grouss genuch"

D'Zil vun der Unité de Sécurité zu Dräibuer ass et Mannerjäreger opzefänken, déi soss géifen an de Prisong op Schraasseg kommen, seet den Direkter vun der Unisec. D'Unisec wier elo schonn ekipéiert fir Jonker ze betreien, déi schwéier géint d'Gesetz verstouss hunn. Et wieren deemno keng grouss Upassunge néideg, wann de Prisong zu Schraasseg ganz fir Mannerjäreger zougemaach gëtt, de Ralph Schroeder.

auto_stories

3 min

Am Centre-Socio Educatif zu Dräibuer sinn den Ament siwe jonk Leit an der Unité de Sécurité UNISEC, där neier zouener Struktur, déi virun zwee Joer zu Dräibuer a Betrib goung.

Mat 12 Plazen, wär déi zoue Struktur am Moment och grouss genuch. "Mir hunn nach ni 12 Jonker opgeholl. A mir hunn och gesinn, datt an deene leschte Joren, wou Jonker nach an de Prisong placéiert goufen, datt der seelen esou vill do waren. Dat heescht ech hätt d'Gefill, am Moment misst een elo net onbedéngt e Stack dropbauen."

De Ralph Schroeder huet d'Suerg, datt d'Demande mat der Offer kéint klammen, datt also eng Unisec mat méi Capacitéit och méi séier géif gefëllt ginn.

D'Justizministesch Sam Tanson hat viru Kuerzem hei op der Antenn ugekënnegt, datt si d'Jugendschutzgetz bannent de nächsten zwee Joer esou wëllt reforméieren, datt keng Mannerjäreger méi kënnen op Schraassseg kommen.

Wéi gestalt sech de Suive vun de Jugendlechen?

Et gi Plazen am Land vun deenen déi meescht vun eis eng Virstellung hunn, obwuel praktesch nach kee vun eis do war. Dräibuer gehéiert sécherlech dozou. An der klenger Uertschaft, direkt bei Wuermer, ginn zënter iwwer 70 Joer Jonker betreit, déi op anere Plaze géint d'Reegele verstouss hunn. Zënter zwee Joer gehéiert dozou och eng zoue Struktur, wou Mannerjäreger agespuert ginn, déi besonnesch schlëmm géint d'Gesetz verstouss hunn. Wat geschitt mat deene Jonken, wa si hei ukommen?

An enger éischter Phas géif et drëms goe fir mam Jonken ze klären, wat geschitt ass a firwat datt en elo zu Dräibuer ass, sou den Direkter am Centre Socio-Educatif zu Dräibuer. An enger weiderer Phas géif zesumme mat de Jonken eng Perspektiv opgebaut ginn.

De Ralph Schroeder mécht drop opmierksam, datt dat ee groussen Challenge wier, well déi Jugendlech jo net fräiwëlleg op Dräibuer géife kommen. Et kéint een hinnen eng Hëllef ubidden, mee se net zwéngen, fir dës och unzehuelen.

"Wat an der Unisec e bëssen anescht ass, wei an dem oppenen Deel, ass datt duerch déi Maueren, duerch dee fait, datt déi Jonk agespaart sinn, si se och ee Moment ganz ouni Afloss vu baussen. Dat ass natierlech net einfach, well déi positiv Aflëss net méi do sinn, mee och déi negativ sinn ee Moment net do. A mir hunn d'Gefill datt dat deene Jonken erlaabt, no enger Zäit, besser op sech selwer an hir Situatioun ze kucken. An ech géif soen, datt mer et an deene meeschte Fäll scho fäerdeg bréngen, an eng Bezéiung ze kommen, wou eng Hëllef kann ugeholl ginn."