Staats- a Regierungscheffen UNO-Generalversammlung zu New York

Den US-President Joe Biden huet seng Ried op der UNO-Generalversammlung gehalen. Et ass déi éischte Kéier an zwee Joer datt sech d'Staats- a Regierungscheffen aus der ganzer Welt zu New York treffen. Den Joe Biden sot, datt d'USA elo no zwanzeg Joer Krich méi Diplomatie an Zesummenaarbecht wëllen. Mee esou einfach gëtt et net. Esou gëtt et jo elo en unhalenden diplomatesche Sträit wéinst engem U-Boot-Deal tëscht den USA an Australien. Frankräich ass rosen iwwer e Kontrakt dee si verluer hunn.

Philip Crowther (New York) / tt

a0b4a417-d190-442a-afe2-19961e220a8c.jpeg

Den Ausseminister Jean Asselborn ass och den Ament zu New York an huet mat eisem Korrespondent Philip Crowther op der Plaz geschwat, kuerz nodeem hien am Plenarsall vun der UNO dem Discours vum Joe Biden suivéiert hat.

De ganzen Interview lauschteren

E Freiden de Mëtten ass et um Xavier Bettel fir seng Ried op der UNO-Generalversammlung ze halen. De Lëtzebuerger Premier trefft dann hei zu New York op Staats- a Regierungscheffen déi, et gëtt gehofft, sech kollektiv wëlle fir eng méi koordinéiert Distributioun vum Covid-19 Vaccin asetzen, an och méi géint de Klimawandel maache wëllen.

Den US-President Joe Biden schéngt d'USA wëllen an de Virdergrond stellen, des Kéier als Natioun déi am Kader vum Multilateralismus an net méi nom Prinzip "America First" d'Welt ufeiere well.

Fir den Ausseminister Jean Asselborn hunn d'Amerikaner "sou munches gutt ze maachen": si hätten duerch den Trump Zäit verluer, hätten awer eng Responsabilitéit beim Klimawandel.

Desaccord tëscht Frankräich an den USA

Ganz konkret Resultater soll et um Klimasommet zu Glasgow ginn, Ufank November.

Och sot den Joe Biden, datt d'USA kee kale Krich mat China wëllen, trotz enger méi haarder Astellung vun den USA, an neien Accorden, déi d'Militärmuecht am Pazifik bremse sollen. Dozou gehéiert och de Verkaf un Australien vun U-Booter, en Deal deen de Fransouse jo e Stréch duerch hir Rechnung gemaach hat. Esou schlëmm ass dësen Desaccord tëscht Frankräich an den USA, datt sech hir Representanten zu New York mol net getraff hunn.

Dës UNO-Generalversammlung soll och dozou déngen, d'Distributioun vun de Vaccinë géint de Covid-19 ze verbesseren.

D'USA wëll haut Mëttwoch méi Dosen un déi méi aarm Länner offréieren. Mee et feelt op ville Plazen un der Logistik fir déi Impfstoffer och un d'Leit ze kréien. Wann d'Welt sech esou trëfft wéi op der UNO da falen e puer Statistike besonnesch op: esou sinn an Afrika just 3,6 Prozent vun der Bevëlkerung voll geimpft.

Bäitrag lauschteren

Méi zum Thema

Jean Asselborn
International

De Lëtzebuerger Ausseminister wënscht sech zwar, datt d'EU legal Weeër schaaft iwwer déi afghanesch Flüchtlingen an Europa kéinte kommen. Mee de Jean Asselborn ass net optimistesch, datt effektiv esou eng Léisung zustane kënnt.

Robert Vautard
IPCC-Rapport

D'Zil vu enger Äerderwiermung vu maximal 1,5 Grad Celsius kann erreecht ginn, wann elo séier gehandelt gëtt, seet de franséische Klimafuerscher Robert Vautard. Hien ass ee vun den Auteure vum neie Weltklimarapport.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen