Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng parallel Garde an zwee Spideeler

Spideeler

Eng parallel Garde an zwee Spideeler

D'Kierchbierger Spidol an den CHL, de Centre Hospitalier de Luxembourg op der Areler Strooss, hu vu Juni un an der Woch a wärend dem Dag tëschent siwen Auer moies a fënnef Auer mëttes parallel Déngscht. D'Zil ass et, d'Waardezäiten an den Urgencen am Zentrum ze kierzen an de Flux u Patienten a béid Spideeler besser opzedeelen.

auto_stories

3 min

De Bäitrag vum Carole Schimmer lauschterenplay_arrow


Moies tëschent zéng an eelef a mëttes tëschent zwou a véier ass eng méi lass an den Urgencen am Zentrum. Et géif dohier de Besoin gi fir parallel Garde d'urgencen ze organiséieren, seet d'Doktesch Martine Goergen, medezinesch Direktesch vum CHL.

D'Spideeler kéinten dann d'Prise en charge maachen a kucken, datt kee Spidol, dat een Dag iwwerrannt gëtt, deen aneren Dag keng Aktivitéiten hätt. Doduerch kéint een déi Fluktuatiounen eraushuelen "an dann ass dat besser gereegelt", esou d'Direktesch vum CHL.

Ambulanze ginn anescht gereegelt

Patiente kënnen an Zukunft wärend dem Dag wielen, a wéi ee Spidol si an d'Urgence ginn. Beim Samu ass et anescht, preziséiert den Dokter Claude Schummer, Generaldirekter vum Groupe Hôpitaux Robert Schuman.

D'Ambulanze géifen an dat Spidol fueren, wat am Noosten ass, oder wou een am séierste kann hifueren. An engem zweete Schrëtt géif gekuckt ginn, ob de Patient rezent an enger Klinik behandelt oder operéiert gouf. "Dann ass et och normal, datt de Patient an déi Klinik nees geschéckt gëtt", esou de Claude Schummer.

Eigentlech war déi parallel Garde am Zentrum scho fir ufanks des Joers virgesinn. Et wollt een awer net matzen am Wanter mat där Reorganisatioun ufänken, seet den Dokter Claude Schummer, Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman. Am Wanter ass an den Urgencë méi lass.

D'Reorganisatioun kascht

Béid Spideeler hu missten zousätzlech Dokteren an Infirmiere rekrutéieren an d'Infrastrukturen upassen. Um Kierchbierg ass ee Scanner bäikomm, dee just fir d'Urgencë genotzt gëtt a Lit-Porten, wou ee Patient an der Urgence kann hospitaliséiert ginn.

Déi Reorganisatioun vun den Urgencë bréngt Méikäschte mat sech, dee finanzielle Volet doriwwer misst nach diskutéiert ginn, esou den Dokter Claude Schummer

"Wat absolut wichteg ass, dat ass, datt mir eng Dotation minimale de sécurité kréie fir d'Personal. D'Krankekeess geet dovunner aus, datt d'Spideeler sech d'Garde opdeelen, an da kréien se déi selwecht Dotatioun. Mir sinn als Hôpital du Kirchberg net grad där Meenung. Ech menge weder de Centre hôspitalier nach mir sinn der Meenung, datt dat och herno d'selwecht bleift."

An den Urgencë sollen an Zukunft Leit, déi méi wéi 75 Joer al sinn, méi séier behandelt ginn, esou d'Doktesch Martine Goergen:

"Well d'Leit ebe mat engem gewëssenen Alter och eng Polypathologie hunn, dat heescht méi Krankheeten zesummen. Et ass net gutt, wann een déi eben ze laang waarde léisst."

Um Kierchbierg schafft een un enger Filière an den Urgencë fir d'Psychiatrie an d'Geriatrie.