Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ursaache fanne firwat Leit ophalen"

ANIL: Etüd iwwer d'Penurie bei den Infirmieren

"Ursaache fanne firwat Leit ophalen"

Wéi vill Leit verloossen den Infirmiersberuff a firwat? Dat si Froen, déi d'ANIL an der Onlineetüd "LëtzCare" wëllt beäntwert kréien. Da solle Léisungen ausgeschafft ginn, fir dem Problem entgéingt ze wierken.

auto_stories

2 min

Anne-Marie Hanff - ANIL (Archivfoto)

De ganzen Interview lauschterenplay_arrow


"Mir wëllen erausfannen, wéi et de Leit um Terrain geet. Wann een d'Problemer kennt, kënne Léisunge gesicht ginn, déi der d'Penurie entgéingt wierken", hofft d'Anne-Marie Hanff vun der Infimiersassocatioun ANIL. Engersäits misste méi Leit motivéiert ginn, iwwerhaapt an de Beruff eranzeklammen, et misst een awer och derfir suergen, datt se bleiwen, an datt se sech wärend hirer ganzer Karriär gutt fillen.

"Aktuell hu mir keng Donnéeën, wéi vill Leit wierklech ophalen", seet d'Anne-Marie Hanff. Dat ass d'Zil vun der LëtzCare Etüd, déi mat der Uni Lëtzebuerg gemaach gëtt. Déi anonym Onlineëmfro zum Thema leeft den 21. Abrëll un. Aus dem Ausland wéist een, datt d'Leit ophalen, well et dacks net méiglech ass Famill a Beruff ënner een Hutt ze bréngen - et géife flexibel Modeller gebraucht ginn, ënnersträicht d'ANIL

D'Pandemie huet Opmierksamkeet bruecht

"D'Pandemie huet vill Opmierksamkeet fir de Secteur bruecht", seet d'Anne-Marie Hanff. Si hofft, datt dat Nowuess fir de Beruff begeeschtert. D'Pandemie wier awer och ganz belaaschtend, fir déi Leit um Terrain, well ee vill Leed gesäit, an och mat méi Stierffäll ze doen huet. An der Etüd soll derniewent och analyséiert ginn, firwat d'Leit gären am Beruff schaffen.

D'Resultater vun der Etüd solle mat op de Gesondheetsdësch. "Mir wäerten eis Revendicatiounen erweideren", sou d'Anne-Marie Hanff. D'Zil ass et, dass erëm zwee Drëttel vun de Leit aus dem Secteur vun hei kommen, an net - wéi et aktuell de Fall ass - 2/3 aus dem Ausland musse rekrutéiert ginn.