Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ USL: D'Salairë vun EU-Beamten zu Lëtzebuerg upassen

Aarbechtskonditiounen EU-Mataarbechter

USL: D'Salairë vun EU-Beamten zu Lëtzebuerg upassen

An der Ëffentlechkeet géif nach ëmmer d'Virstellung vum gutt bezuelten EU-Beamten bestoen. Dat géif awer net der Realitéit entspriechen. Där Meenung ass ee bei der Union Syndicale Luxembourg, USL. Si vertrëtt d'Interesse vun den EU-Mataarbechter zu Lëtzebuerg. Een Drëttel vun de Leit, déi bei den europäeschen Institutioune schaffen, géifen an den Nopeschlänner wunnen, well si sech d'Liewen hei net méi leeschte kënnen.

auto_stories

3 min

An all den Haaptstied vun der Europäescher Unioun hunn déi verschidden EU-Institutiounen hir Annexen an domat och Mataarbechter. De Salaire vun deene Mataarbechter gëtt dobäi un de lokale Präisniveau ugepasst. Eng Ausnam bilden d'EU-Haaptstied Bréissel a Lëtzebuerg. Si ginn als Referenzwäert fir déi aner Stied geholl an et gëtt keen Ënnerscheed gemaach tëschent Lëtzebuerg a Bréissel. Dee misst awer gemaach ginn, seet de Miguel Vincente-Nunez, President vun der Union Sydicale Luxembourg, USL.

De Pouvoir d'achat wier zu Lëtzebuerg ronn 15 Prozent méi niddereg wéi zu Bréissel, seet hien. Eng offiziell Etüd vun der EU-Kommissioun géif eng Differenz vun 10,5 Prozent vum Pouvoir d'achat tëschent den zwou Stied feststellen. Dat wier dat Duebelt vum Seuil, vun deem un normalerweis eng Lokalitéit en eegene Koeffizient géif kréien, sou de seet de Miguel Vincente-Nunez.

Logementskäschte sinn den Ursprong

De groussen Ënnerscheed bei de Liewenskäschten ass, wéineg verwonnerlech, op de Logement zeréckzeféieren. Dat hält och déi ernimmten Etüd vun der EU-Kommissioun fest. Dem USL-President no géif den Ënnerscheed beim Pouvoir d'Achat et och scho méi schwiereg maachen, Leit fir Posten bei den EU-Institutiounen zu Lëtzebuerg ze rekrutéieren.

"Dat ass zum Beispill de Fall beim zukünftege Parquet européen, deen op Lëtzebuerg soll kommen. Am Ufank gouf vun 210-220 Mataarbechter geschwat. Lo si mir just bei 100. Firwat? Ma well eng 50 Mataarbechter vum OLAF hätte missen dohinner kommen. Mee d'Kolleege vu Bréissel hu keng Loscht op Lëtzebuerg ze kommen, well si dann u Kafkraaft verléieren."

Et wier dofir wichteg, datt d'EU-Mataarbechter zu Lëtzebuerg anescht bezuelt ginn, wéi déi zu Bréissel.

D'USL huet op enger Pressekonferenz eng ganz Partie Mëssstänn ugeprangert. Dorënner och Virwërf, déi scho méi laang fir Kritik suergen. Ee Kritikpunkt betrëfft zum Beispill déi kontraktuell Mataarbechter, déi an engem niddrege Grad schaffen. "Si maachen eng Aarbecht, déi mat där vu qualifizéierten Aarbechter gläichzesetzen ass. Mee hire Salaire läit wäit ënner deem vum nationale qualifizéierten Aarbechter. Dat heescht, mir sinn an enger Situatioun vu Quasi-Sozial-Dumping, seet de Miguel Vincente-Nunez.

Gläich Aarbecht, gläiche Salaire

Et misst de Prinzip gëllen, datt gläich Aarbecht och gläich bezuelt gëtt. Eng Plaz, wou dëse Prinzip momentan ganz besonnesch géif mëssuecht ginn, wieren d'Crèchen an den Institutiounen. Den Educateursberuff zum Beispill wier duerch e Kollektivvertrag reglementéiert. Dëse misst och an den europäeschen Institutiounen applizéiert ginn. "Mir hunn am deem Secteur e richtegen sozialen Dschungel. Am selwechte Beruff hu mir hei siwe verschidden Zorte vu Verträg."

D'USL fuerdert en Ëmdenken vun der EU-Kommissioun. Wann déi dat net mécht, hofft een op d'Politik hei am Land, fir datt si dës Situatioun - zu Bréissel - zum Thema mécht.