Radioen

On air

Tockcity  |  The Mysterines - Stray

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verbessert Kontrolle vun Alters- a Fleegeheemer

Fleegesecteur

Verbessert Kontrolle vun Alters- a Fleegeheemer

D'Revelatioune ronderëm Mësshandlunge vun eelere Leit am Grupp ORPEA huet iwwer déi franséisch Grenzen eraus Welle geschloen. A Lëtzebuerger Altersheemer kéint esou eppes net geschéien, huet et dës Woch aus der Chamber geheescht.

auto_stories

2 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / Myhailo Sagan

Lauschterenplay_arrow


Eemol am Joer kontrolléiert de Familljeministère den Ament déi konventionéiert Alters- a Fleegeheemer zu Lëtzebuerg. Dobäi gëtt bis elo virun allem gekuckt, wéi d'Personal organiséiert ass, an ob mat der Infrastruktur alles an der Rei ass.

Nei Institutioune fir d'Kontrollen

Geschwë sollen dës Kontrollen awer ee gutt Stéck méi wäit goen: Een neie Gesetzprojet gesäit vir, datt d'Qualitéit vun de Servicer fir déi eeler Bewunner méi genee ënner d'Lupp geholl gëtt. Dës zousätzlech Kontroll soll all fënnef Joer geschéien.

Dofir sollen nei Instanze geschaaft ginn: engersäits gëtt d'Commission permanente pour le secteur des personnes agées an d'Liewe geruff, déi aus Vertrieder aus dem Familljeministère, vu Gesondheetsberuffer a vu Vertrieder vun eelere Leit besteet.

Anerersäits wäert et en neie Service d'information et de médiation opgestallt gi fir Bewunner an hir Familljen, wann et Problemer an der Struktur gëtt. Béid Instanze wäerten ënner der Tutelle vum Familljeministère stoen.

CCDH kritiséiert Approche

D'Gesetz ass awer nach net gestëmmt, an et ginn nach Verbesserungsvirschléi.

D'Mënscherechtskommissioun gesäit dat kritesch: déi néideg Onofhängegkeet géif an där Konstellatioun feelen, seet hire President Gilbert Pregno. Egal, wéi grouss den Engagement vun de Fonctionnairen aus dem Ministère wier, "si se trotzdeem an enger Relatioun, wou se bestëmmte Saachen net kënnen oder dierfe soen".

Fir d'CCDH, wéi och fir de Conseil supérieur des personnes handicapées ass dat eng Fro fir den Ombusman, deen onofhängeg vu Gestionnaire a Ministère besser placéiert wier fir bei Froe ronderëm de Schutz vun de Mënscherechter ze tranchéieren.

D'Rechter vun eelere Leit géifen net ëmmer respektéiert ginn

De Gesetzesprojet, deen 2020 deposéiert gouf, wier awer eng Verbesserung, seet de Gilbert Pregno, géif awer net wäit genuch goen. Besonnesch d'Erfarungen aus der Pandemie hätten illustréiert, wéi fragil d'Mënscherechter vun institutionaliséierten eelere Leit wier. do wiere Leit um "psychologesche Misère" gestuerwen, esou de President vun der Mënscherechtskommissioun.

Et war e Journalist deen déi institutionell Mësshandlung bei ORPEA opgedeckt huet an net d'Kontrollen, ënnersträicht de Gilbert Pregno. Déi staatlech Instanzen hätten hei "kläglech versot". Datt ORPEA sech och elo zu Lëtzebuerg installéiere wéilt, gesäit de President vun der CCDH als moralesch problematesch.