Radioen

On air

Notturno  |  Lost Girls - Ruins

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verfassungspatriotismus Kinnekswee zu méi inklusive Lëtzebuerg

Fräie Mikro

Verfassungspatriotismus Kinnekswee zu méi inklusive Lëtzebuerg

Nationalfeierdeeg sinn an der ganzer Welt vun immenser Bedeitung, well se d'Méiglechkeet bidden, der Geschicht ze gedenken a kulturell Traditiounen ze éieren. Zu Lëtzebuerg ass et besonnesch wichteg, d'Narrativen, déi mat dësem Feierdag verbonne sinn, kritesch ze reflektéieren.

An dësem Fräie Mikro beliicht de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, dës aus engem humanistesche Bléckwénkel a plädéiert fir d'Fërderung vum Verfassungspatriotismus als Instrument vun engem méi inklusive Lëtzebuerg.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

Lëtzebuerg ass fir seng Méisproochegkeet a seng Multikulturalitéit bekannt. Et huet eng räich Geschicht a bont Traditiounen. Seng demografesch Zesummesetzung ass an enger konstanter Entwécklung a Mënsche mat ënnerschiddlechen Hannergrënn droen zum kulturelle Mosaik vum Land bäi.

Ech fannen, mir sollten eisen Nationalfeierdag als Ulass huelen, fir dëse Räichtum an dës Diversitéit ze feieren. E ka genotzt ginn, fir historesch Evenementer ze gedenken, déi d'Identitéit vu Lëtzebuerg als méisproochegt a multikulturell Land gepräägt hunn.

Mir sollten en awer notzen, fir iwwer déi verschidden Narrativen nozedenken, déi am Kader vun dëse Feierlechkeete benotzt ginn.

Méi inklusiv alternativ Narrativen entwéckelen

Et schéngt mir ganz wichteg ze sinn, nationalistesch ausgrenzend Narrativer kritesch ze hannerfroen a méi inklusiv alternativ Narrativen ze entwéckelen. Et ass zwar wichteg, d'Identitéit an d'Traditioune vun engem Land ze feieren, mä mir musse sécherstellen, dass dat net op Käschte vu Mënschen an der gesellschaftlecher Kohäsioun geschitt.

Nationalistesch Narrativer féieren effektiv oft zur Ausgrenzung vu bestëmmte Bevëlkerungsgruppen a leeën de Fokus op eng fiktiv homogen Identitéit, statt d'Vilfalt vun alle Mënschen unzëerkennen an eis eeschthaft Gedanken ze maachen, wéi mir eist gesellschaftlecht Zesummeliewe fair a gerecht gestalte wëllen.

Gerecht an harmonescht Zesummeliewen kënnt net vum selwen

Op der anerer Säit sollte mir net naiv sinn an hoffen, datt eist Zesummeliewe vum selwen harmonesch a gerecht ofleeft, just well mir eis ritualhaft an iwwerflächlech zum Respekt vun der Diversitéit bekennen. Mir brauchen eng oppen Diskussioun, wou mer eis eeschthaft fir d'Inclusioun vun alle Mënschen asetzen an dozou bäidroen, den Zesummenhalt, iwwer eis Ënnerscheeder raus, ze stäerken.

Duerch d'Fërderung vu staarken Alternativen zu nationalistesch ausgrenzende Narrative kënne mir ee positive Bäitrag fir e méi inklusiivt Lëtzebuerg leeschten, dat op de Wäerter vu Mënschlechkeet, Gerechtegkeet, Solidaritéit an den universelle Mënscherechter baséiert an zu engem Gefill vun Zesummegehéiere féiert.

Bekennen zum Verfassungspatriotismus an de Virdergrond stellen

Dobäi sollte mir, menger Meenung no, d'Bekennen zum Verfassungspatriotismus zu Lëtzebuerg an de Virdergrond stellen. De Verfassungspatriotismus, wéi e vum Habermas definéiert gouf, betount d'Unerkennung an d'Wäertschätzung vun de Wäerter, déi an der Verfassung verankert sinn, onofhängeg vu nationaler, ethnescher, weltuschaulecher oder kultureller Affiliatioun.

E schaaft eng gemeinsam Basis fir eng staark national Identitéit, déi op dem Respekt vu Rechter a Fräiheete vun allen baséiert. De Verfassungspatriotismus fërdert een inklusiivt Verständnis vu Zougehéieregkeet a stäerkt eist Gefill vum Zesummegehéieren an enger multikultureller Gesellschaft. Duerch seng Stäerkung kënne mir eng Kultur vun Toleranz, Respekt an Zesummenaarbecht entwéckelen, déi eis, iwwert eis Ënnerscheeder raus, verbënnt an eng Gesellschaft opbauen, an där all Mënsch déi selwecht Würd zougesprach kritt a sech als Deel vun engem gemeinsame Projet verstoe kann.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.