Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Villagers - You Lucky One

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verfassungsreform: D'Regierungsparteie leenen d'CSV-Fuerderung of

National Politik

Verfassungsreform: D'Regierungsparteie leenen d'CSV-Fuerderung of

Eigentlech waren d'Parteie sech eens, an trotzdem stécht d'Verfassungsreform elo an enger Sakgaass. D'CSV huet gëschter ugekënnegt, datt si déi nei Verfassung just wëllt matstëmmen, wann d'Bierger virdrun an engem Referendum iwwer verschidde Punkte vun der Reform kennen ofstëmmen. Mee d'Regierungsparteie wëlle sech net erpresse loossen. Wa béid Säite bei hirer Positioun bleiwen, da wier jorelaang fir näischt iwwer eng nei Verfassung verhandelt ginn.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / perhapzz

Wéi den CSV-President den Dënschdeg de Moien um kuerz no 10 virun d'Press getratt ass, war nach net kloer, datt déi jorelaang Verfassungsdebatt geschwënn eng onerwaarte Kéier géif huelen. Mee de Frank Engel hat eng Annonce dobäi, mat där déi politesch Konkurrenz net gerechent hat.

"Mir wëlle gär dem Vollek seng Meenung héieren zu enger ganzer Rei vu méiglechen an onméigleche Froen, wahlrechtsrelevanter an anerer. Doriwwer musse mir schwätzen. Dat soll also als éischte Schrëtt geschéien, éier d'Parlament sech mat der Verfassung beschäftegt."

Am Kloertext: D'CSV hätt gär e Referendum iwwer verschidde präzis Punkten, éier d'Verfassungsreform gestëmmt gëtt. Déi gréisst Oppositiounspartei ënnermauert hir Fuerderung mat enger klorer Uso. Wann der CSV hir Fuerderung sollt ofgeleent ginn, géif d'Partei de Verfassungsentworf an éischter Lecture an der Chamber net matstëmmen, sou de Frank Engel.

Alex Bodry: "Totale Broch vun der Aarbechtsweis"

An deem Fall géif d'Verfassungsreform op Äis leien - fir d'Grondgesetz ze änneren ass nämlech eng 2/3-Majoritéit an der Chamber néideg.
Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry seet, et géif hien "erschrecken", datt d'CSV deenen anere Parteien en "Ultimatum" stellt. Hie schwätzt vun engem "totale Broch" vun der Aarbechtsweis, déi et während de leschte 15 Joer an der Chamber-Verfassungskommissioun ginn hätt, an där versicht gi wier, de grousse Projet Verfassungsreform am Konsens duerchzezéien a Kompromësser ze fannen.

Fir den LSAP-Fraktiounschef stelle sech elo grondsätzlech Froen. "Ech weess net, ob et nach zu enger neier Verfassung kënnt", sou den Alex Bodry. Et misst een elo driwwer schwätzen, wat dat konkret heescht.

Eugène Berger: "E richtegen Dolchstouss an de Réck vum Paul-Henri Meyers"

Och déi gréng Fraktiounscheffin huet kee Versteesdemech fir de Virstouss vun der CSV. Et géif ee sech awer net vun der CSV "erpresse loossen". Och d'Josée Lorsché ass fir eng weider Diskussioun iwwer den Accord.

Op d'Fuerderung vun der CSV anzegoen, ass och fir d'DP keng Optioun. De liberale Fraktiounschef ënnersträicht, datt déi gréisst Oppositiounspartei hir eege Glafwierdegkeet géif op d'Spill setzen. Nach am Juli d'lescht Joer wier de gemeinsamen Accord an déi weider Virgoensweis vun der CSV matgedroe ginn, seet den Eugène Berger. D'CSV géif dee Prozess elo sabotéieren. Domat géifen déi Chrëschtlech-Sozial och hir eegen Aarbecht aus der Vergaangenheet zerstéieren.

"Dat ass jo e richtegen Dolchstouss an de Réck vum Paul-Henri Meyers. Ënner him sinn deemools d'Aarbechten ugaangen. Mir hunn an der Chamber praktesch zéng Joer, wann net nach méi, dru geschafft, ganz vill ënner dem Impuls vun der CSV a vum Paul-Henri Meyers."

De Paul-Henri Meyers dréckt säi Bedaueren aus

Den CSV-Verfassungsexpert, deen an Tëschenzäit net méi an der Chamber setzt, dréckt sech selwer méi virsiichteg aus. Hie géif déi aktuell Hannergrënn net all kennen, esou de Paul-Henri Meyers. Trotzdem kéint hien nëmme schwéier novollzéien, firwat d'CSV sech net un dat hält, wat ausgemaach war. Ass hie vun der eegener Partei enttäuscht?

"Wësst der, ech hunn eng gewëss Distanz zur Politik geholl. Enttäuscht sinn ech net, mee et deet mir awer Leed, datt ee sou laang un eppes geschafft huet, wou een elo op eemol gesäit, datt et awer näischt soll ginn, wou et quasiment fäerdeg ass."