Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Villagers - You Lucky One

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Justizreform ouni nei Verfassung

Verfassungsreform

Justizreform ouni nei Verfassung

En Nationale Justizrot kann agefouert ginn éier d'Verfassung reforméiert gëtt. Dat äntwert de Justizminister Félix Braz op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Fraktiounschef. D'CSV kéint déi blo-rout-gréng Koalitioun hei also net blockéieren, freet sech den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry.

auto_stories

3 min

Am Mäerz 2014 sot de grénge Justizminister Félix Braz an engem Interview mam Wort, datt den Nationale Justizrot an der Verfassung misst verankert ginn. Mëttlerweil ass awer kloer, datt déi grouss Verfassungsreform net méi an dëser Legislaturperiode kënnt. An d'CSV - där hir Stëmme fir déi néideg Zwee-Drëttel-Majoritéit gebraucht ginn - ass och net zu punktuellen Ännerunge bereet.

Dowéinst wier et gutt, wann déi dréngend Reform vun der Justiz elo ouni d'Verfassungsreform kéint lancéiert ginn, seet den LSAP-Fraktiounschef a President vun der Chamber-Institutiounekommissioun Alex Bodry. Den Nationale Justizrot wier ee wichtegt Organ. Zum Beispill well d'Bierger hei solle reklaméiere kënnen, wa "Saachen net klappen an der Justiz".

"Net konträr" zur Verfassung

Seng Analys wier, datt d'Onofhängegkeet vum Parquet ouni Problem iwwer Gesetz kéint festgehale ginn. An d'Schafe vum Nationale Justizrot ass dem Alex Bodry no op d'mannst "net konträr" zur Verfassung.

Ee potentielle Konflikt tëscht den Aufgabe vum Nationale Justizrot an der Verfassung gëtt et nämlech: Bis ewell ass virgesinn, datt déi Iewescht Riichter vum Groussherzog genannt ginn, opgrond vun engem Avis vun der Cour Supérieur: Da misst een also virgesinn, datt an iergendenger Form och een Avis vum Ieweschte Geriicht kënnt - sief et ier den Nationale Justizrot domadder befaasst gëtt, oder duerno. "An ech mengen, da wiere mir konform zum Verfassungstext", sou den Alex Bodry.

Zäitdrock

Bis zu de Chamberwahlen am Oktober 2018 bleift net méi vill Zäit. De Gesetzprojet fir d'Aféiere vum Nationale Justizrot läit awer nach ëmmer net vir. Huet d'Koalitioun de Projet schleefe gelooss? De Justizministère wier fir d'Ausschaffe vun dësem Text zoustänneg an dee misst sech seng Aarbecht eben andeelen, äntwert den Alex Bodry:

"De Bilan zéie mer net elo. De Bilan zéie mer am Oktober d'nächst Joer. An da gesäit ee jo, wat vun deene wichtege Gesetzer eventuell net duerchkoum. Ech gesinn awer grouss Chancen, datt mir all déi wichteg Punkte vun deem, wat dës Koalitioun sech virgeholl huet am Beräich vun der Justiz kënnen ëmsetzen. Et gëtt vläicht enk, mä dat ass nach ëmmer de Fall gewiescht."

D'Iddi vun enger grousser Justizreform mat ënnert anerem dem Ofschafe vum Verfassungsgeriicht, huet déi blo-rout-gréng Koalitioun fale gelooss.

Referendum no de Wahlen

Den Alex Bodry confirméiert op Nofro hin och, datt déi blo-rout-gréng Koalitioun virun de Wahlen net méi wëlles huet ee Vote iwwer den neie Verfassungstext ze forcéieren. Dës Reform wier ze wichteg, fir se mat enger konfliktueller Approche op d'Spill ze setzen. D'CSV bräicht sech just z'enthalen, da wier déi ganz Reform "futti".

Den LSAP-Fraktiounschef geet dervun aus, datt et dann an der nächster Legislaturperiod mat grousser Wahrscheinlechkeet zu engem Referendum iwwert déi nei Verfassung kënnt.


De ganzen Interview mam LSAP-Fraktiounschef:

Alex Bodryplay_arrow