Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verfassungsreform: Zwee weider Volete goufen definitiv ugeholl

Zweete Vott

Verfassungsreform: Zwee weider Volete goufen definitiv ugeholl

An der Chamber goufen zwee weider Volete vun der Verfassungsreform am zweete Vott ugeholl. Mat 52 Jo Stëmmen, dräi Nee Stëmmen an enger Abstentioun gouf et deemno gréng Luucht iwwer de Volet, deen d'Roll vum Grand Duc, de Fonctionnement vum Staat an d'Relatioune mat de reliéise Communautéite reegelt.

auto_stories

2 min

Foto: Chambre des Députés (Archiv)

Lauschterenplay_arrow


Parallel ginn de Lëtzebuerger Fändel, d'Nationalhymn an d'Lëtzebuerger Sprooch an d'Verfassung ageschriwwen. Fir den LSAP-Rapporter Mars Di Bartolomeo wier déi lescht Etapp elo endlech erreecht:

"No bal 20 Joer Aarbechten, Ausernanersetzungen, Réckschléi, Kompromësser, gutt Kompromësser, Biergerbefroungen, ass de Verfassungszuch mat senge véier Waggonen drop an drun, an der Gare anzelafen."

Fir de Léon Gloden géif dëst zweet Kapitel de fundamentale Fonctionnement vu Lëtzebuerg beréieren: et géif ëm "d'DNA vum Haus Lëtzebuerg" goen, seet den CSV-Deputéierten.

"Dat Haus steet op dräi Pilieren: den éischte Pilier ass d'Monarchie constitutionelle a Form vum Grand-Duché mat eisem Grand-Duc als Staatschef un der Spëtzt. Den zweete Pilier ass d'parlamentaresch Demokratie an den drëtte Pilier ass de Rechtsstaat."

Grondrechter a -fräiheeten

Mat dem selwechte Stëmmegewiicht gouf duerno de Volet ugeholl, deen d'Grondrechter a Grondfräiheete vun all Bierger:in am Land festschreift.

Et hätt ee mat Zefriddenheet festgestallt, datt och ur-gréng Fuerderungen hei ageschriwwe wieren, sou de Charles Margue vun Déi gréng:

"D'Recht op Ëmwelt, Natur a Klimaschutz, d'Recht op Erhale vun der Biodiversitéit, all déi Froen ze respektéieren heescht och indirekt oder direkt, datt mer déi zukünfteg Generatioune mat abezéien."

Kritik vun der ADR

Kritesch Remarke koume virun allem vu Säite vun der ADR, de Fernand Kartheiser huet kee Versteesdemech dofir opbruecht, datt elo jiddweree d'Recht hätt, eng Famill ze grënnen:

"Wou gi mir hin, wat maache mer hei, a wéi geet déi rechtlech Interpretatioun? Ech soen Iech och politesch hei, datt eng CSV dat do nimools hätt dierfen akzeptéieren. Ech hu mer dacks d'Fro gestallt, wéi villäicht vill Kolleegen hei bannen: Wat ass dann nach vun enger CSV iwwreg, mat engem C am Numm, déi esou eppes akzeptéiert? Ech soen Iech: Näischt méi."