Radioen

On air

Resonanzen  |  Richard Strauss (arr. Peter von Wienhardt) - Kleines Scherzino Nr.4, Op. 3 - Arabella Steinbacher (Gei), WDR Sinfonie Orchester, Lawrence Foster (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zweete Vott: Verfassungsännerungen iwwer d'Justiz ugeholl

Chamber

Zweete Vott: Verfassungsännerungen iwwer d'Justiz ugeholl

D'Chamber huet mam zweeten an definitive Vott d'Justiz-Kapitel zur Verfassungsreform ugeholl. Eng Zweedrëttel-Majoritéit war heifir néideg. D'Justiz gëtt doduerch ënner dem Stréch méi onofhängeg.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Zu de wichtegsten Ännerungen zielt, datt d'Justiz elo nieft der Regierung an dem Parlament als Pouvoir an der Verfassung verankert ass. Ausserdeem gëtt et lo eng kloer Trennung tëscht de Riichter, déi d'Decisiounen huelen, an den anere Membere vum Parquet.

Et gëtt elo och de Kader fir een Nationale Justizrot geschaaft. Fir de Rapporter Léon Gloden ass et ee grousse Schrëtt no vir an d'Justiz géif a senger Onofhängegkeet gestäerkt ginn:

"Mir hu finalement zeréckbehalen, datt de Parquet eng Indépendance relative huet. Dat heescht, et ka keen dem Parquet virschreiwen, e soll, oder e soll net, géint eng prezis Persoun oder ee Grupp vu Persounen enquêtéieren."

Et ass awer de Justizminister, de schlussendlech déi politesch Responsabilitéit dréit.

Méi kuerz Delaien

Weider goufen nei raisonnabel Delaie festgehalen. Dëst soll verhënneren, datt en Ugekloten ze laang op een Urteel muss waarden. D'Verfassungsgeriicht huet och méi kuerz Delaien zougesprach kritt, fir hir Arrête méi séier an effikass an d'Realitéit ëmsetzen ze kënnen.

Der Co-Rapporterin Simone Beissel vun der DP no ass de Lëtzebuerger Justizapparat lo moderniséiert ginn:

"An der Verfassung ass de ganze Justizapparat duerch de Fait, datt och déi nei Organer kreéiert gi sinn, ganz vill gestäerkt. Et gëtt vill méi kloer, et gëtt méi transparent, et gëtt méi visibel a méi lisibel, an dat bedeit automatesch ee bessere Schutz fir eis Bierger, well dat muss awer och d'Zil vun all guddem Rechtssystem a vun all guddem Rechtsstaat sinn."

ADR stëmmt dogéint, déi Lénk enthale sech

D'ADR huet géint d'Verfassungsännerung gestëmmt. Dem ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser ass et ee Kapitel vun de verpasste Chancen. Hie stéiert sech eegenen Aussoen no ënner anerem dorunner, datt d'Bierger nach ëmmer keen direkten Zougang zum Verfassungsgeriicht hätten.

Déi selwecht Kritik gouf et vu Säite vun der Piratepartei. Allerdéngs begréisse si de Rescht vun den Ännerungen an hunn dofir fir dat neit Justiz-Kapitel matgestëmmt. Déi Lénk hunn sech enthalen.