Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verlängerung vum Congé parental op néng Méint?

Chamber-Debatt iwwer Petitioun

Verlängerung vum Congé parental op néng Méint?

De Congé parental vu sechs op néng Méint eropsetzen - dat fuerdert eng Petitioun, déi de Moien an der Chamber diskutéiert gouf. D'Petitioun krut iwwer 4.800 Ënnerschrëften. Der Petitionärin Michèle Senninger no, geet et ëm d'Gesondheet vun den Elteren an d'Entwécklung vum Kand.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Der Petitionärin Michèle Senninger no, ass et fir d'Gesondheet vun den Elteren an och fir d'Entwécklung vum Kand wichteg, dat éischt Liewensjoer vum Kand doheem bleiwen ze kënnen.

Statistike géifen och weisen, datt an de leschte Joren ëmmer méi Leit vum Congé parental profitéiert hunn.

Et geet och ëm Inegalitéiten

D'Michèle Senninger huet och drop higewisen, datt Fraen an allen OECD-Länner nach ëmmer den Haaptdeel vun den Aufgaben am Stot iwwerhuelen - an der Moyenne zwou Stonne pro Dag méi wéi Männer, esou d'Petitionärin.

Deemno géifen duerch dës duebel Belaaschtung ëmmer méi Mamme keng aner Méiglechkeet gesinn, wéi Congé sans solde ze huelen:

"Dat féiert awer dozou, datt dem "Gender Pension Gap" ëmmer méi grouss gëtt an erhéicht der Fra hire Risiko, bei enger Trennung an d'Aarmut ze falen. Ausserdeem weise Studien, datt eng réinsertion professionelle no méi ewéi zwee Joer ëmmer méi schwéier gëtt."

Reaktioune vun der Familljeministesch an dem Aarbechtsminister

D'Familljeministesch Corinne Cahen huet emotional dorop reagéiert an ënnerstrach, datt dës Petitioun hir immens um Häerz géif leien. Och wann et e ganzt komplext Theema wier, sollt dat een net dovun ofhale, fir weider ze kucken, datt een de Congé parental esou organiséiert kritt, wéi d'Elteren et bräichten an et fir d'Entreprise méiglech wier.

Den Aarbechtsminister Georges Engel huet betount, datt zu Lëtzebuerg, aneschters wéi an anere Länner, de Congé parental remuneréiert gëtt. A Kroatien an an Éisträich kéint een zwar bis zu zwee Joer Congé parental kréien, dee wier awer net bezuelt. Ee Verglach wier dowéinst schwiereg.