Radioen

On air

Kultur um 5  |  De Lëtzebuerger-Saarbrécker Kënschtler:innen-Austauschprogramm Artmix 2024 ënnert dem Motto “Gossip – Matters hard to grasp”.

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verlängerung vum Tankrabatt: Gemëschte Reaktiounen

7,5 Cent manner de Liter

Verlängerung vum Tankrabatt: Gemëschte Reaktiounen

E Freideg gëtt am Regierungsrot iwwer d'Verlängerung vum Tankrabatt diskutéiert. D'CSV, d'ADR an de Groupement Energie Mobilité begréissen dat, Kritik kënnt vun de jonke gréngen, déi Lénk an der Piratepartei.

auto_stories

3 min

Den Tankrabatt vu 7,5 Cent de Liter soll viraussiichtlech bis Enn August verlängert ginn. Foto: Simon Kadula

Lauschterenplay_arrow


De Romain Hoffmann, President vum Groupement Energie Mobilité, dee fréier Groupement Pétrolier geheescht huet, géif esou eng Verlängerung begréissen.

Esou kéint een d'Pertë vun de Lëtzebuerger Tankstelle limitéieren: de Bensinn an deelweis den Diesel wieren an Däitschland aktuell nämlech scho méi bëlleg.

Wann den Tankrabatt zu Lëtzebuerg net verlängert gëtt, da wier deen Ecart nach méi grouss. "Dann hätte mer natierlech nach vill méi Vente verluer", seet de Romain Hoffmann.

CSV an ADR begréissen eng méiglech Verlängerung

D'ADR géif et begréissen, wann d'Regierung den Tankrabatt iwwert den 31. Juli eraus verlängere sollt. Dat géif de Leit hëllefen an den Tanktourismus ofsécheren, seet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.

"Mir bekennen eis ganz kloer zum Tanktourismus. Mir haten an der Chamber gesot, datt de Präisniveau vun de Spritpräisser ëmmer méi niddereg muss sinn wéi an den Nopeschlänner, well mer - och wat de Klima ugeet - nach ëmmer net agesinn, mir sinn e bëssen tockskäppeg do , datt dem Klima gehollef ass, wann zu Arel getankt gëtt an net zu Stengefort. "

Fir d'ADR wier et wichteg, datt d'Mobilitéit vun de Leit garantéiert wier an datt d'Steierrecette vum Tanktourismus behale ginn, betount de Fernand Kartheiser.

D'CSV hirersäits géif d'Verlängerung vum Tankrabatt och begréissen. Et hätt ee "mat Satisfaktioun" festgestallt, datt d'Finanzministesch Yuriko Backes d'Propos vun der CSV opgegraff hätt, esou den CSV-Deputéierte Gilles Roth.

Piratepartei: Verlängerung ass "irresponsabel"

D'Verlängerung vum Tankrabatt ass fir de Sven Clement vun der Piratepartei eng irresponsabel Moossnam. Den Oppositiounspolitiker mengt, d'Regierung géif hire finanzielle Spillraum domat op eng falsch Manéier anengen.

Bei der Steierdebatt hätt et geheescht, et wier kee Spillraum fir Mesuren do, "an elo geet d'Regierung hin a mécht eppes, wat sozial ondifferenzéiert ass mat Suen, déi se laut eegenen Aussoen d'lescht Woch nach net haten", kritiséiert den Deputéierte vun der Piratepartei.

Déi Lénk wëlle cibléiert Mesuren

Och déi Lénk halen net vill vun der méiglecher Verlängerung vum Tankrabatt. Eng geziilt Hëllef wier méi effikass, seet d'Myriam Cecchetti:

"Firwat kucke mer net deene Stéit ze hëllefen, wou mer wëssen, datt si op den Auto ugewise sinn, a mir ginn deenen [...] da méi, an deene mam décke Porsche oder SUV, déi kréien näischt, an deenen ass dat och zimmlech egal."d