Radioen

On air

Notturno  |  Jockstrap - 50-50 (Extended Mix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Institut fir Archeologie wëllt onofhängeg ginn

Archeologie

D'Institut fir Archeologie wëllt onofhängeg ginn

Et gi Konflikter tëscht dem nationalen Institut fir Archeologie (CNRA) an dem Konschtgeschichts-Musée, seet d'Véronique Biver. D'Archeologin ass dofir, datt hiert Institut onofhängeg gëtt.

auto_stories

2 min

“D’Iddi vun enger Struktur déi alles ënnert een Hutt setzt ass eng Iddi aus dem 19te Joerhonnert déi net méi aktuell ass,” mengt d'Véronique Biver. Et géifen esou vill verschidde Sparten an der Archeologie ginn, datt eng onofhängeg Struktur sech géing lounen.

Am Moment gehéiert de CNRA zum nationale Geschichts- a Konschtmusée an doduerch géifen intern Konflikter entstoe, esou d'Archeologin. D'Politik wier Schold datt d'Institut och no laangem Kampf nach ëmmer net onofhängeg ass. Dat géif villäicht un der Angscht léien fir Decisiounen ze huelen.

Touristesch Attraktioun?

D'Archeologin aus dem CNRA ass responsabel fir d'Ausgruewungsplaz zu Schieren. Viru gutt zwee Joer goufen hei laanscht d'Strooss B7 d'Iwwerreschter vun enger gallo-réimescher Villa entdeckt. D'Véronique Biver bedauert, datt dësen historesche Fund nach ëmmer net fir de Public zougänglech ass. Den Terrain zu Schieren op der d'Villa steet, géif dem Staat gehéieren. "Den Ament ass näischt geplangt. Ee Musée, zum Beispill, wier wënschenswäert an och realiséierbar. Et wier eng touristesch Attraktioun fir den Norden." Et wär och nach net kloer wat mat deenen anere Objeten soll geschéien, déi hei fonnt goufen.

Net genuch Personal

Am ganzen wären 6000 Archeologesch Sitte zu Lëtzebuerg erfaasst, an et géifen der wahrscheinlech nach méi ginn. Des "Archeologesch Schätz" wieren interessant an hirem Zesummenhang: "Et ass wéi e Puzzle, mir fannen d'Stécker ni all zesummen".

Déi 15 Leit déi am CNRA schaffen, géifen net duergoe fir d'archeologesch Aarbecht uerdentlech ze maache kritiséiert d'Véronique Biver: "Mir komme knapp no fir déi néideg Fouillen ze maachen. Wat am meeschten drënner léit sinn d'Publikatiounen an eng méi déifgrënneg Recherche vun dem wat mir fannen." An dat wier schued.