radio 100,7 Véronique Faber gëtt nei 100,7-Presidentin

Veronique Faber

D'Véronique Faber gëtt nei Presidentin vum 100,7-Verwaltungsrot. De Regierungsrot huet decidéiert, datt si d'Presidence vum Laurent Loschetter iwwerhëlt, deen d'lescht Woch demissionéiert hat. Si ass zënter Januar 2019 Member vum 100,7-Verwaltungsrot, hiert Mandat leeft bis August 2022.

Déi 51 Joer al Sozialanthropologin ass Responsabel fir de "Plaidoyer Politique" beim Cercle de Coopération vun den ONGen. Virdrun huet d'Véronique Faber ënnert anerem fir de Non-Profit-Reseau "Microinsurance Network" geschafft.

1986 huet d'Véronique Faber beim Piratesender Radio RaDAU matgeschafft, dem Virleefer vum haitege Radio Ara.

De Poste vum demissionionnäre Charles Muller gouf haut nach net vum Regierungsrot nei besat.

De Regierungsrot huet och d'Nominatioun vum Renée Wagener confirméiert. D'Historikerin, Journalistin a fréier gréng Deputéiert huet e Mandat bis 2024.


Conseil d'administration de la radio 100,7 - nominations (29.11.2019)

Communiqué par: Service des médias et des communications

Dans sa séance de ce 29 novembre 2019, le Conseil de gouvernement a marqué son accord avec la nomination de Véronique Faber à la fonction de présidente du conseil d'administration de l'Établissement de radiodiffusion socioculturelle (ERSL). Véronique Faber est membre de ce conseil d'administration depuis 2018. Elle est depuis 2016 responsable de projets au Cercle de coopération des ONG de développement du Luxembourg. Diplômée en ethnologie de l'université de Vienne et en administration culturelle du University College à Dublin, elle était auparavant directrice du Microinsurance Network.

Le gouvernement en conseil a en outre approuvé la nomination de Renée Wagener comme nouvelle membre du conseil d'administration de l'ERSL. Après avoir été députée du Parti vert de 1994 à 2004, Renée Wagener a abandonné la politique pour se consacrer au journalisme (hebdomadaire woxx) et à l'historiographie. La docteure en histoire est actuellement co-commissaire de l'exposition #wielewatmirsinn organisée par la Chambre des députés et le MNHA.

Méi zum Thema

Laurent Loschetter.JPG
radio 100,7

De Laurent Loschetter demissionéiert als President an als Member vum 100,7-Verwaltungsrot. Dee sollt elo vun enger oder e puer Persoune geleet ginn, déi Erfarung am Mediesecteur hunn, schreift hien.

Marc Gerges
Nominatioun

De Marc Gerges gëtt neien Direkter vum radio 100,7. Dat huet de Laurent Loschetter, President vum Verwaltungsrot, de Mëtteg dem Personal vun dësem Radio matgedeelt.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen