Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Bonny Light Horseman - I Know You Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Verschidde Leit spieren net, datt et hinne besser geet"

Regierungsbilan 2017

"Verschidde Leit spieren net, datt et hinne besser geet"

Manner wéi ee Joer virun de Wahle géif et him drëms goen, de Leit ze weisen, datt et haut besser geet, wéi viru véier Joer. Dem Xavier Bettel no géifen d'Zuele fir sech schwätzen. Ee Gespréich mam Staatsminister iwwert de Regierungsbilan 2017, de Wahlkampf, Google, d'Steierpolitik, déi nei riets-rietsextrem Koalitioun an Éisträich.

auto_stories

4 min

Xavier Bettel

Am vergaangene Joer wier hie weiderhi vill mam Austrëtt vu Groussbritannien aus der Europäescher Unioun beschäftegt gewiescht, sou de Premier Xavier Bettel. Am Dossier Brexit misst een d'Lëtzebuerger Interête verdeedegen an och oppassen, datt 2019 "op eemol d'Betriber net all op London ginn, well déi aner Reegelen hunn".

Innepolitesch huet de Xavier Bettel "wichteg Etappen" an der Familljen-, Schoul- oder nach Steierpolitik zréckbehalen. Ervirgestrach huet hien d'Diversifikatioun vun der Wirtschaft (dorënner de Rifkin-Prozess), d'Reforme vun de Rettungsdéngschter, vum Spidolswiesen, vun der Pressehëllef.

"Sozial Schéier nëmmen à moyen Terme méi kleng ze maachen"

Positiv wier, datt de Chômage erofgaangen ass, wat deelweis op Mesurë vun der Regierung zréckzeféiere wier. Gläichzäiteg hu sech d'Ongläichheeten am Land och ënnert dëser Regierung weider zougespëtzt, eng Tendenz, déi et scho zënter Jore gëtt. "Mir probéieren se ze bremsen", verséchert de Premierminister.

D'Steierreform an d'gratis Kannerbetreiung géifen an déi Richtung goen. Oder och d'Loyerssubventioun an déi gratis Schoulbicher, wou ee "punktuell gehollef" hätt. Kritt een dann domat déi sozial Schéier, also d'Ënnerscheeder tëschent Aarm a Räich, méi kleng gemaach? "A moyen terme: Jo. A court terme: Neen".

"D'Zuele schwätze fir sech"

Wéi erkläre sech déi - aus Siicht vun der Regierungskoalitioun - tendenziell schlecht Ëmfroen, virun allem d'Wäerter vun DP an LSAP? "Verschidde Leit, déi spieren net, datt et hinne besser geet", sou de Xavier Bettel. "Fir mech geet et drëms, de Leit ze weisen, datt et haut besser geet, wéi viru véier Joer, datt d'Zuele fir sech schwätzen." De Premier nennt déi méi niddreg Aarbechtslosegkeet, d'Kompetitivitéit, de Wirtschaftswuesstem, Chantieren, iwwert déi ee sech zwar géif beschwéieren, mä déi eng Investitioun an d'Zukunft wieren.

Hien hätt d'Wahlen nach net verluer, seet den DP-Politiker. Ass et net en Dilemma, datt een als Regierungschef de Bilan vun enger ganzer Equipe ze verdeedegen huet a gläichzäiteg versiche muss, sech als Partei als potentielle Koalitiounspartner ze positionéieren? "Mir sinn dräi Parteien, déi dräi Parteie gi mat an d'Wahlen, mir maachen net e Programm commun", seet de Xavier Bettel.

Programmatesch Ënnerscheeder tëschent de Koalitionären

Wat sprécht eigentlech géint ee gemeinsame Programm, mat deem d'Koalitionären am Oktober zesumme kéinten an d'Chamberwahle goen? Hie selwer wier zum Beispill fir eng administrativ Vereinfachung, déi "ganz wäit geet" a mat där déi gréng an d'LSAP vläicht net averstane wieren. Virun enger eventueller Erhéijung vum Mindestloun, déi den LSAP-Aarbechtsminister Nicolas Schmit an d'Gespréich bruecht huet, misst ee fir d'éischt Etudë maachen. De Wahlprogramm vun der Demokratescher Partei "wäert virun allem och d'Famill an d'Fräiheet an de Mëttelpunkt setzen", sou de Xavier Bettel.

A Bezuch op Google mengt de Staatsminister, datt et de Moment de Wëllen an den Interêt vum amerikanesche Konzern wier, een Datenzenter zu Lëtzebuerg ze bauen. Viru Kuerzem huet Google ongeféier 34 Hektar Terrain zu Biissen opkaaft, mä opstoe gelooss, ob d'IT-Infrastruktur och tatsächlech op Lëtzebuerg kënnt. Ëmmerhi war den Datenzenter d'Argument, mat deem déi viregt Besëtzer motivéiert an deelweis ëffentlech ënner Drock gesat goufen, fir ze verkafen ... Dem Xavier Bettel no "huet kee gesot, datt si musse verkafen. Hei ass keen, dee kee Choix hat".

Lëtzebuerg ee Steierparadäis? Bettel vertraut der OCDE

Am Europaparlament ass et d'lescht Woch ëm eng Stëmm net gelongen, an enger Resolutioun d'EU-Kommissioun opzefuerderen, Lëtzebuerg op eng Schwaarz Lëscht vu Steierparadäiser ze setzen (zesumme mat Holland, Irland a Malta). An awer war d'Hallschent vun den EU-Deputéierten der Meenung, datt Lëtzebuerg op esou eng Lëscht misst kommen.

De Lëtzebuerger Regierungschef beandrockt dat net: "Ech hunn hei international Gremien, déi heeschen OCDE, déi eng objektiv Aarbecht maachen, déi hu Lëtzebuerg vun alle Groen a Schwaarze Lëschten erofgeholl. An dat ass mir méi wichteg, wéi all politescht Gremium, dat Saachen ze decidéieren huet."

ÖVP-FPÖ-Koalitioun: "EU-Kommissioun an EVP gefuerdert"

Iwwert déi nei ÖVP-FPÖ-Regierungskoalitioun an Éisträich seet de Xavier Bettel: "Also et berouegt mech net, datt eng extrem riets Partei an d'Verantwortung kënnt, well et e Beispill gëtt, datt si salonfäeg ginn". Allerdéngs "si si gewielt ginn, ob een et wëllt oder net". Fir de Premier misst ee si am Fall vun "Deriven" denoncéieren.

Wéi viru 17 Joer déi selwecht Koalitioun an Éisträich zustanekomm war, gouf nach an der EU méi schaarf protestéiert, an et goufen diplomatesch Sanktiounen. Fir säin Deel verweist de Xavier Bettel op d'EU-Kommissioun, déi de Respekt vun europäesche Rechter misst garantéieren.

De liberale Politiker hieft dann och d'Verantwortung vun der Europäescher Vollekspartei ervir, hei géif et sech ähnlech verhalen, wéi am Fall vum ungaresche Premier Viktor Orban. Déi chrëschtdemokratesch ÖVP wier eng Partei, "déi dem Här Juncker, der Madame Reding an dem Här Wiseler ganz no steet, dat ass hir Schwësterpartei". Dat wier deen éischte Schratt, deen ee muss maachen.