Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verschwörungstheorië gouf et schonn ëmmer

FRÄIE MIKRO

Verschwörungstheorië gouf et schonn ëmmer

Verschwörungstheorië gouf et schonn ëmmer - awer an der Pandemie an duerch den Internet krute se elo eng grouss Visibilitéit. Där Meenung ass d'Karin Weyer, Direktesch vum Zentrum géint Radikaliséierung respect.lu am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

D'Karin Weyer ass Direktesch vum Zentrum géint Radikaliséierung respect.lu.

D'Gefore vu Verschwörungstheorië leien do, wou se eise ganzen demokratesche System a Fro stellen a wou se behaapten, mir géifen an enger Diktatur liewen. Do, wou se Roserei produzéieren a Schëlleger sichen, an domat probéieren, fir d'Ëmstierze vum System oder Gewalt ze rechtfäerdegen.

A mengem Ëmfeld ginn et Leit, déi déi eng oder aner Mesurë vun der Bekämpfung vun der Pandemie net novollzéie kënnen, se fir falsch an iwwerdriwwen halen oder fir net streng genuch. An och ech fanne bei wäitem net alles ëmmer komplett novollzéibar. Et ass wichteg, kritesch ze sinn, a sech och an der Kris eng eege Meenung ze bilden. Déi ass meeschtens weder schwaarz nach wäiss. Eis Regierung huet weder alles richteg gemaach, nach mécht se nëmme wat se wëllt, oder denkt se nëmmen u sech.

Kloer Distanzéierung vun Extremisten

Ech war beruffsbedéngt a leschter Zäit vill op extreme Fore vu sougenannte Querdenker- a Corona-Leegner ënnerwee. Net alles ass do verschwurbelt. Vill Leit sinn einfach veronséchert oder hunn eng aner Meenung wéi déi, déi vun der Majoritéit vertruede gëtt. Awer munches, wat do geschriwwen oder gesot gëtt, ass absolut net méi novollzéibar. An och wann ee vill Kritik un de Regierungen huet, wat wéi gesot zu enger Demokratie gehéiert, ass et geféierlech an eigentlech souguer een totalen No-Go, sech mat Extremisten zesummen ze dinn.

Do erwaarden ech mir eng kloer Ofgrenzung an e Refus, mat deenen, déi eis Gesellschaft fort vun der Demokratie féiere wëllen, zum Beispill zesummen ze demonstréieren. Vun den Organisateure vu sou Demonstratiounen an änleche Manifestatiounen erwaarden ech mir, datt se e klore Message ginn, am Genre: "Extremiste sinn hei net wëllkomm." Vun de Participanten erwaarten ech mir, datt se sech am viraus doriwwer informéieren, wien hannert esou Aktioune steet.

Ech erwaarde mir awer och vun all deenen aneren, datt si net jiddereen, dee Kritik um System ausüübt, direkt mat Extremisten an een Dëppe geheien. Domat dreift een nämlech och nëmmen d'Gesellschaft auserneen. A Polariséierung ze verstäerken ass e geféierlecht Spill. Polariséierung ass ëmmer een éischte Schrëtt a Richtung Gewalt. Do sollten an dierfe mir als Gesellschaft net matmaachen.

Eng eege Meenung fält net vum Himmel

Et gi Leit, déi sech a Verschwierungstheorië verrennen an et gi Leit, déi esou Theorien opbauen a gezielt notzen, fir anerer fir extremistesch Weltvuen ze rekrutéieren. An da ginn et Leit, déi sech vun deenen engen zu deenen aneren entwéckelen. Heiansdo geet dat ganz séier. Mat deenen éischte sollen, jo musse mer schwätzen. Mir musse mat hinnen am Dialog bleiwen, och wann dat heiansdo net einfach ass. Dës Leit dierf eis Gesellschaft net verléieren.

Déi aner musse mer erkennen an op hir Tricken, Taktiken an d'Ideologien dohannert hiweisen. Mir musse virun der Gefor, déi vun hinnen ausgeet, warnen.

Fir dat alles maachen ze kënnen ass et wichteg, sech eng eege Meenung ze bilden. Eng eege Meenung fält net vum Himmel, déi muss e sech erschaffen. Et ginn do ëmmer erëm Momenter, wou een et net weess, sech net sécher ass. Eng eege Meenung kann een änneren, ouni dat engem en Zacken aus der Kroun fält. De ganze Prozess vun Onsécherheet, Verwirrung, sech ieren... dat muss een aushalen, och an enger Situatioun, déi Angscht mécht.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.