Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verspéidung an de Schoulen

Verkéier

Verspéidung an de Schoulen

Mam ville Stau hunn net nëmmen d'Leit, déi all Dag schaffe fueren ze kämpfen. Och d'Schüler brauche mam ëffentlechen Transport méi laang wéi gewéinlech bis an d'Schoul. Dat ka Konsequenzen op hir schoulesch Leeschtung hunn, virun allem wann direkt an der éischter Stonn eng Prüfung ass.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstockphoto / khongkitwiriyachan

D'Isabelle ass um Fieldgen an hëlt all Dag um hallwer 7 de Bus fir an d'Schoul. De Wee fir an d'Schoul géif awer ëmmer méi laang daueren, well ëmmer méi Autoen op der Strooss sinn, an och ëmmer méi Stau ass, seet hatt.

Deemno wéi kann d'Verspéidung vum Bus souguer Konsequenzen op seng Leeschtung an der Schoul hunn. Wann een ze spéit kënnt, kéint ee beispillsweis d'Hausaufgaben net mat Zäiten ofginn, oder wichteg Froe fir d'Prüfung net mat Zäite stellen, esou d'Isabelle.

Verständnis fir d'Schüler

Och an den Direktioune vun de Lycéeën ass ee sech bewosst, datt d'Schüler dacks scho laang ënnerwee sinn ier d'Schoul ufänkt. Dofir hätt een awer Versteesdemech, wann de Grond fir d'Verspéidung vum Schüler wierklech mam ëffentlechen Transport ze dinn huet.

D'Lycéeë kréien all Dag eng Mail vun der CFL, wou déi Bussen an Zich dran opgelëscht sinn, déi dee Moien ze spéit ukomm sinn. Trotzdeem seet d'Renelde Urbain, Directrice vum Fieldgen, datt een d'Schoul wéi seng Aarbechtsplaz misst ugesinn, an op déi Aarbechtsplaz sollt een eigentlech net ze spéit kommen. Et géif een de Schüler dofir soen, e Bus oder Zuch éischter ze huelen.

Schoul um néng Auer

Am November gouf eng Petitioun agereecht, fir datt de Lycée eng Stonn méi spéit ufänkt. Den Auteur vun der Petitioun, de Claude Feltgen, hat déi Iddi scho méi laang am Kapp. De biologesche Rhythmus géif sech am Alter vun 13-14 Joer änneren, seet hien. Et wier een eréischt eng Stonn méi spéit waakreg a leeschtungsfäeg, egal wéini ee schlofen gaangen oder opgestanen ass.

Den Ausléiser fir d'Petitioun ze schreiwe war awer éischter en aneren. Uganks November hat de Wirtschaftsminister Etienne Schneider proposéiert, datt d'Frontaliere een Dag an der Woch vun doheem aus kéinte schaffen. Sou géif de Verkéier ëm 20 Prozent reduzéiert ginn.

Déi Iddi hat de Claude Feltgen gestéiert. Hie seet, datt den Etienne Schneider de Frontalieren quasi d'Schold ginn hätt fir de Stau. Dat wier e bësse populistesch, esou den Auteur vun der Petitioun.

Eng aner Approche

De Claude Feltgen hätt sech mat anere Léisunge beschäftegt, fir de Stau ze reduzéieren. Hie wier op d'Iddi komm, datt de Lycée eng Stonn méi spéit kéint ufänken, fir sou fir manner Trafic ze suergen. Hei berifft de Claude Feldgen sech och op d'Luxmobil-Etude, där hir Resultater ufanks Dezember virgestallt goufen.

Et géif ee gesinn, datt no aacht Auer scho vill manner Leit ënnerwee wieren. Wann tëscht siwen an aacht Auer d'Schüler am Bus an op de Stroosse géingen ewech falen, da wier méi Plaz fir déi aner Leit.

Schwiereg fir d'Schoul

Et wier awer net sou einfach, fir d'Schoul um néng Auer ufänken ze loossen, sou d'Renelde Urbain. Et misst ee kucken, wat mat deene Schüler geschitt, déi virun hallwer néng géifen ukommen. Et géif sech och d'Fro stellen, ob een déi zwou Stonne Mëttespaus kéint bäibehalen, wann een eréischt um néng géif ufänken.

Ausserdeem hätt een an de Lycéeën an der Stad zum Beispill eng besonnesch Situatioun, seet de Jean-Paul Greisch, Directeur adjoint am Arts et Métiers. Et kéime Schüler aus dem ganze Land an d'Stad, well verschidde Formatioune just an der Stad ugebuede ginn. Déi Schüler wieren dann op den ëffentlechen Transport ugewisen. Et dierft een awer net alles an een Dëppe geheien. Ze spéit kommen an d'Schoul eng Stonn méi spéit ufänke loosse wier net dat Selwecht, mengt de Jean-Paul Greisch.

D'Petitioun huet den Ament ronn 400 Ënnerschrëften. De Claude Feltgen weist sech zefridden domat, eng Petitioun wier haaptsächlech do, fir eng Diskussioun un d'Lafen ze bréngen.