Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verstoppten Aarmut siichtbar maachen

Aarmutsrisiko an internationalen Dag géint Misère

Verstoppten Aarmut siichtbar maachen

19 Prozent vun de Leit hei am Land waren d'lescht Joer vum Aarmutsrisiko betraff. Dat geet aus engem Rapport vum STATEC ervir. Fir Betraffenen nozelauschteren an "Nee" zum Misère ze soen huet d'Organisatioun ATD Quart Monde de Mëttwoch zesumme mat der konsultativer Mënscherechtskommissioun een Evenement am Neimënster organiséiert. Dat och virum Hannergrond vum 70. Anniversaire vun der Konventioun vun de Mënscherechter. Et wier gewosst, datt et Aarmut hei am Land géif ginn, seet d'Jacqueline Gillet vun ATD Quart Monde. Se wier awer dacks verstoppt.

auto_stories

2 min

ATD Quart Monde Lëtzebuerg ass a Kontakt mat ronn 70 Famillen hei am Land, déi vum Aarmutsrisiko betraff sinn. D'Aarmut wier een Däiwelskrees, well vill Famille schonn zanter Generatiounen dovu betraff sinn, seet d'Jacqueline Gillet, Member vun der Organisatioun.

"Wann ee bis een Numm huet, ofgestempelt ass an Angscht a Scholdgefiller huet, da kënnt ee ganz schlecht doraus eraus. An déi Eltere vermëttelen de Kanner et an erëm sou weider."

ATD Quart Monde Lëtzebuerg huet den Event gëschter organiséiert fir vum Aarmutsrisiko-Betraffene Gehéier ze verschafen a si zu Wuert kommen ze loossen. Et wier wichteg mat hinnen an d'Ëffentlechkeet ze goen.

D'Leit kéinten domat weisen, datt si eng Meenung a wichteg Liewenserfahrung hunn, déi si och kënne weider ginn. "Mir hunn do och eng ëffentlech Plaz am Centre Neumünster, déi als Skulptur do steet. Dat ass d'table de la solidarité, déi dat ganzt Joer iwwer present war. Wou et och d'Iddi war se mat de Famillen zesummen ze maachen. An do ass och ganz wichteg, déi, Hänn déi an de Stee gemeesselt gi sinn, fir eben déi Solidaritéit auszedrécken", seet d'Jacqueline Gillet.

Brécke schloen

Ee Mann, deen an enger ganz aarmer Situatioun war hätt hier gesot, "ech maachen d'Hand ënnert den Dësch, do geet nämlech kee kucken." Fir d'Jacqueline Gillet ass dat eng wichteg Ausso. Et misst ee ganz geziilt Leit sichen, well se verstoppt sinn.

Ënnert de betraffene Famille géif vill Solidaritéit bestoen, seet d'Jacqueline Gillet. An den Uertschaften an deene si liewen hätte si et zwar dacks net einfach, well si zum Beispill mat Viruerteeler konfrontéiert ginn. Mee wann ee Leit déi vum Aarmutsrisiko betraff sinn an anerer bei enee féiert, da geséich een, datt sech Verbindunge maachen an datt och de Versteesdemech besser ass, sou d'Jacqueline Gillet.

Net op der falscher Plaz spueren

D'Temoignage vu Betraffenen iwwert hir Liewenssituatioun géifen d'Ëffentlechkeet zum Deel iwwerraschen, seet d'Jacqueline Gillet. Vu Säit vun den Autoritéite géif d'Organisatioun ATD Quart Monde sech allerdéngs méi Gehéier wënschen. Et kéint een och net alles iwwert Benevolat geréieren, esou nach d'Kritik. ATD Quart Monde gëtt zwar vum Famillen a vum Kulturministère finanziell ënnerstëtzt.

"Also mir hunn eenzel Posten, mee mir kruten awer och schonn e bëssen do gestrach an de leschte Joren, well ebe muss gespuert ginn heescht et jo ëmmer. Mee ech fannen et awer wichteg, datt ee just op deene Punkten net spuert. Wa mir jo héiere wat de Statec elo seet, datt nach ëmmer méi de Risiko vun Aarmut do ass. Do fannen ech awer datt Nohuelbedarf ass."