Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Brainstory - Peach Optimo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verwaltungsgeriicht kritiséiert den Immigratiounsminister

Justiz

Verwaltungsgeriicht kritiséiert den Immigratiounsminister

De President vum Verwaltungsgeriicht beschwéiert sech iwwer e Malaise um Geriicht, och wéinst den acceleréierten Asylprozeduren am Kader vum Dublin-Reglement. D'Hausse vun de Recourse vu Flüchtlingen an déi acceleréiert Prozedur géifen d'Verwaltungsgeriicht belaaschten.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / N.Forenza

De Bäitrag vum Maxi Peschplay_arrow


D'Fäll an deenen eng acceleréiert Prozedur oder eng Dublin-Prozedur spillt, déi also prioritär musse behandelt ginn, maachen den Ament d'Hallschent vum ganze Contentieux aus, schreift de Marc Sünnen, President vum Verwaltungsgeriicht, a sengem Rapport d'activité, deen am Februar dëst Joer publizéiert gouf, mee bis ewell nach net thematiséiert gouf. Well dës Affären nëmme wéineg juristesch Kompetenze verlaangen, géifen d'Majoritéit vun de Riichteren eng professionell Devalorisatioun spieren.

Kritik um Immigratiounsminister

Dobäi kéim, datt aner méi komplex Dossieren och missten evakuéiert ginn. De Marc Sünnen schwätzt vun engem Malaise um Verwaltungsgeriicht a warnt viru weidere Verschlechterungen. Och déi vill Reforme vum Auslännerrecht géifen zu méi komplexe Reegele féieren. An néng Joer wiere siwe Riichter fräiwëlleg gaangen. Dëse Malaise géif duerch d'Behuele vu verschiddene Membere vun der Regierung verschlëmmert ginn, sou de President a sengem leschte Rapport d'activité. Hien ernimmt explizit de sozialisteschen Immigratiounsminister Jean Asselborn, dee sech dacks mat der Souveränitéitsklausel géif iwwer d'Uerteeler vun de Riichter an iwwer d'Decisioune vu senger eegener Verwaltung ewechsetzen. An dat op Basis vun der Interventioun vun enger Associatioun, déi sech fir Flüchtlingen asetzt.

"Ainsi, il est arrivé à plusieurs reprises que le Ministre de l'Immigration et l'Asile revienne après le prononcé par le tribunal administratif d'une ordonnance ou d'un jugement avalisant la décision prise par ses services sur cette même décision, et ce apparemment suite à l'intervention d'une association, association qui ne se prive pas d'affirmer publiquement qu'il serait de son devoir d'empêcher l'exécution des décisions de justice afin de sauver la vie des personnes concernées. Une telle façon de procéder témoigne d'un déni des principes essentiels de l'Etat de droit, tandis que le soutien avéré du ministre à cette association n'est pas sans susciter auprès des magistrats concernés des interrogations quant à la valeur et l'utilité de leur travail."

D'Dublin Reglement gesäit vir, datt e Land, Fall vir Fall, kann eng Souveränitéitsklausel uwenden. Dobäi muss ee präziséieren, datt dës just bei Dublin Fäll spillt an net onbedéngt bei all de Fäll, déi schonn duerch d'Geriicht tranchéiert goufen. Der Klausel no kann den zoustännege Minister selwer decidéieren, ob e Flüchtling am Dublin-Regime Asyl kritt oder net. Am Normalfall gesäit de System vir, datt dat europäescht Land responsabel ass, an deem de Flüchtling seng éischt Demande gemaach huet.

Souveränitéitsklausel gouf dëst Joer 90 Mol genotzt

Op Nofro hin sot de Jean Asselborn eis, datt hie bei vulnerabele Persoune géif "en âme et conscience" tranchéieren. 90 Mol hätt de Minister dëst Joer Gebrauch vun der Souveränitéitsklausel gemaacht, heescht et aus dem Ministère.

Kloer Krittären a wéini eng Persoun en humanitäre Fall ass, géifen et hei am Land keng ginn, erkläert de Frank Wies, Affekot a Member vum Flüchtlingsrot. Eng Iddi wier zum Beispill eng Häertefallkommissioun, mengt d'Agnès Rausch, fréiere Member am Staatsrot a Matgrënner vun der Flüchtlingsorganisatioun Reech eng Hand.

"Mir géifen dat dann net dem Minister eleng iwwerloossen, dee jo oder nee seet, wéini datt esou eng Clause spillt. Dat war och eng Fuerderung vun de Flüchtlingsorganisatiounen"