Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verwaltungsrot kënnt zesummen

Fondation Kräizbierg

Verwaltungsrot kënnt zesummen

De Verwaltungsrot vun der Fondatioun Kräizbierg soll de Mëtteg zesumme kommen no enger méintelaanger interner Vertrauenskris tëschent Personaldelegatioun an Direktioun.

auto_stories

1 min

Den OGBL huet virum Weekend vu Mëssstänn an den Atelieren an an der Fondatioun geschwat. D'Direktioun kritt en autoritären an onmënschleche Féierungsstil virgeheit. D'Gewerkschaft huet de Verwaltungsrot opgefuerdert ze handelen: et wier inakzeptabel, datt déi 15 Memberen de Kapp an de Sand stiechen.

President vum Verwaltungsrot ass de fréieren DP-Politiker Henri Grethen. President vum Direktiounscomité a Member vum Verwaltungsrot ass de fréiere Beamte Jeannot Berg. D'Fondatioun Kräizbierg hat zejoert 270 Salariéeën. Dobäi sinn an den Atelieren nach eppes méi wéi 100 Persoune mat enger Behënnerung beschäftegt.