Radioen

On air

Notturno  |  The Disliked - Salmon

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill Appeller beim Kanner- a Jugendtelefon

Kanner - a Jugendtelefon

Vill Appeller beim Kanner- a Jugendtelefon

De 17. Mee ass den International Child Helpline Day. De Kanner- a Jugendtelefon - op der Telefonsnummer 116 111 - huet an deem Kontext säi Joresrapport publizéiert. Wärend der aktueller Kris sinn d'Suerge vun de Kanner anerer wéi soss.

auto_stories

2 min


Lauschtert de ganzen Interview vum Sophie Morang mat der Barbara Gorges-Wagner


Déi aktuell Corona-Kris bedeit fir d'Kanner eng ganz speziell Situatioun. Wa si sech elo un de Kanner- a Jugendtelefon adresséieren, schwätze si dacks iwwer eng schlecht Atmosphär an hirer Famill, iwwer Sträit mat Geschwëster oder Elteren, seet déi Responsabel vum Kanner a Jugendtelefon, d'Barbara Gorges-Wagner. Vill Kanner géife sech och Suerge maachen iwwer d'Opdeelung vun de Gruppen an de Schoulen. Si wieren net frou, datt si eventuell net bei hir bescht Kolleegen an de Grupp komm sinn, an dat géif si belaaschten, esou d'Barbara Gorges-Wagner.

Déi psychesch Gesondheet ass e grousst Theema

Am Kontext vum International Child Helpline Day, de 17. Mee huet de Kanner- a Jugendtelefon säi Rapport 2019 publizéiert. D'lescht Joer goufe si 782 mol iwwer Telefon kontaktéiert an 237 Mol online. Déi meescht Appellen - nämlech 164 - wieren dobäi ëm déi psychesch Gesondheet gaangen, ëm Angscht, Depressiounen, Suergen, Drock a Stress, esou steet et am Rapport vum Kanner- a Jugendtelefon. "Et ass wichteg, datt d'Kanner uruffen an hir Suerge matdeelen", esou d'Barbara Gorges-Wagner. Esou géife si mierken, datt een hinnen nolauschtert an och Hëllef ubitt.

Fir de Kanner- a Jugendtelefon schaffe ronn 70 Benevollen. Si ginn, wéi dat an deem Kontext Usus ass, a Supervisiounscoursen agebonnen, wou verschidde Situatiounen dann opgeschafft ginn, seet d'Barbara Gorges-Wagner.