Radioen

On air

Notturno  |  Oisin Leech - Colour Of The Rain Feat. Steve Gunn & Tony Garnier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill Froen un d'Assurancen

Info-Reunion "post Tornado" zu Käerjeng

Vill Froen un d'Assurancen

An den zwou sinistréierte Gemenge Péiteng a Käerjeng waren den Dënschdeg den Owend Informatiouns-Reunioune fir d'Leit, déi beim Tornado zu Schued komm sinn. Getrennt an noeneen: Fir d'éischt zu Péiteng, do ware knapp 300 Leit komm, duerno zu Käerjeng, wou nach eemol gutt 100 Leit weider gezielt goufen.

auto_stories

4 min

Dat mannst wat ee muss soen. Den Dekor huet bei de Sujet gepasst. De Kulturzenter Käerjenger Treff huet nämlech och fatzeg gelidden, de leschte Freideg. Den Daach ass zwar nach drop, mee d'Loft war drënner geroden. Dat gesäit een däitlech. An Objeten, déi duerch d'Luucht geflu sinn, hu gläich e puer vun de grousse Fënsteren no vir futti gemaach, glécklecherweis sinn se aus Sécherheetsglas, an dofir nëmme gerass. De Koup Schierbelen, deen anerefalls hätt mussen zesummegekiert ginn, wëllt ee sech guer net virstellen.

Bannena waren nobäi 450 Still opgestallt ginn, an déi waren och bal all besat. "Et gi Versammlungen am Liewen, déi wëllt een net halen. An den Owend dat ass esou eng, déi een net wëllt halen. An awer hu mir gemengt, datt mir se mussen halen, fir sécher ze sinn, datt all eis Bierger déi selwecht Informatiounen hunn", sou de Buergermeeschter Michel Wolter, deen eréischt am Nomëtteg zréck an d'Land komm war, an deem et - dat huet ee gemierkt - wichteg war ze weisen, datt hien - egal wéi wäit ewech en och war - zu all Moment iwwer alles Bescheed wousst, an datt en och aus der Distanz gehollef huet, déi néideg Decisiounen ze huelen.

Seng Ried war eng Bestandsopnam vum Schued an der Gemeng: Méi wéi 300 beschiedegt Haiser, tëschent dräi an zéng dovu wuel ni méi ze bewunnen. Dann e Lueflidd op déi grouss Solidaritéit vun esou ville Säiten, eng ganz Serie vu Mercien an zu gudder Lescht d'Opzielung vun deem, wat d'Gemeng scho gemaach huet a wat se hire Leit nach weider wëllt bidden.

D'Gemeng Käerjeng huet zum Beispill e Statiker engagéiert deen Haiser vu Leit analyséiert, déi zwar fräi sinn, bei deenen d'Leit sech awer net onbedéngt trauen eranzegoen. D'Gemeng huet och eng Cellule agesat, déi Betraffe Leit bei hiren Demarchë soll ënnerstëtzen, sou de Michel Wolter.

Zum Beispill wann et drëm geet, de Formulaire auszefëlle fir eng staatlech Hëllef unzefroen. Dozou huet d'Familljeministesch Corinne Cahen de Leit eng Rei Explikatioune ginn. Éier de Marc Hengen vum Assurancë-Verband ACA nach eemol däitlech gemaach huet, datt et d'Feierversécherung ass, déi hei spillt. "An der Feierversécherung ass zu Lëtzebuerg gemenkerhand och Glasbroch, Waasserschued an eben och Stuerm dobäi."

Déi zweet Fro, déi ëmmer nees opgeworf gëtt, betrefft den Auto. Nëmme wien eng Kasco huet, kann erwaarden, datt en e Schued um Auto, deen duerch den Tornado entstanen ass, och ersat kritt.

Wéi et no enger Stonn an enger Véierel du bei d'Froen aus dem Sall koum, sinn zwee Drëttel vun de Leit gaangen. Awer net well se frustréiert gewiescht wieren.

"Du bass einfach komm fir gewuer ze ginn wat s de nach vläicht verpasst has. Sidd der dann eppes gewuer ginn? - Näischt méi wat ech net wousst. Mee ech si rassuréiert, datt ech alles richteg gemaach hunn. Dat ass jo vill wäert ...", sou dës Damm beim Erausgoen. Et si wéi gesot awer och Leit bliwwen, déi de Mikro gefrot hunn. Den Adressat war dacks den Assurancë-Vertrieder. De Buergermeeschter Michel Wolter huet doran, um Enn vun der Reunioun, e kloren Appell un d'Versécherungsbranche gesinn.

"Hei ass eng Kalamitéit. Hei ass eppes geschitt, wat eist Land nach ni hat. An d'Assurancë mussen eigentlech elo weisen, duerch eng gewësse Kulanz, an duerch eng gewëss Rapiditéit, datt se am Déngscht vun de Leit sinn. Dat ass mengen ech den Haaptmessage, dee vun de Leit ausgaangen ass. An hir Fro, datt dat och wierklech geschitt."

E puer Mol war och virdru scho däitlech gemaach ginn, datt d'ëffentlech Hand an der Urgence gehollef huet, mee datt déi Phas elo eriwwer ass, an datt et elo un den Assurancen ass fir ze iwwerhuelen. Staat a Gemenge wëllen eréischt dann nees richteg an d'Spill kommen, an eventuell och finanziell hëllefe wa bis feststeet, wéi eng Schied d'Leit net vun hirer Versécherung rembourséiert kréien.