Séinoutrettung op Malta "Vill Migrante ginn net als Mënschen ugesinn"

Den Erik Marquardt ass op Malta an am Krisenteam vum Schëff Lifeline. Si hëllefe Migranten, déi bei hirem Iwwergang iwwer d'Mëttelmier a Séinout geroden. Wéi gesäit esou eng Missioun aus, a wéi erlieft hien d'Rettung?

Claude Biver

Lifeline
D'Schëff Lifeline, dat grad zu Valetta op Malta am Hafen ukënnt. Foto: picture alliance/Herman Grech/dpa.

Dem Erik Marquardt ass am Krisenteam vum Schëff Lifeline, dat Mënschen a Séinout um Mëttelmier rett. D'Boot war rezent an den Noriichten, well et net erlaabt kritt huet an engem Hafen an Italien unzeleeën. Eréischt no puer Deeg krut et d'Erlaabnis mat den iwwer 200 Flüchtlingen zu Valetta a Malta unzeleeën.

Et géife vill verschidden Organisatioune ginn, déi probéiere Migranten ze hëllefen, seet den Erik Marquardt. Et géif hie stéieren, datt jidderee vun der schlëmmer Situatioun vun de Migranten am Mëttelmier géif wëssen, keen awer eppes géif maachen. Duerfir géif hie sech bei Lifeline engagéieren.

Eng enk Kooperatioun mat staatlechen Agencen

Bei enger Missioun wier et wichteg ze wëssen, datt dës dacks an enker Kooperatioun mat de staatlechen Agencen, wéi zum Beispill Italien, zesummeschaffen. Dëst géif dacks an der ëffentlecher Debatt ënnergoen. Eng Zentral a Roum géif Lifeline beispillsweis dacks d'Koordinate vu Booter ginn, déi a Séinout sinn, si sollen hinnen dann hëllefen.

Et géif een och dacks mat Frachtschëffer oder mat Militärschëffer zesummeschaffen, an d'Migrante vun dëse Schëffer iwwerhuelen, zielt den Aktivist. Et géif een awer och selwer probéieren, Booter a Séinout ze fannen. Wann d'Equippe vu Lifeline Migranten a Séinout gerett huet, da brénge si d'Leit an en Hafen, déi si vun de staatlechen Agencen ugi kréien, et géif ee sech dësen Hafen net selwer eraussichen, zielt den Erik Marquardt.

D'Leit virum Doud retten

Den Erik Marquardt versteet net, wisou datt ee sech iwwerhaapt rechtfäerdege muss, wann ee Leit virum Erdrénke rette wëllt. Et misst net jiddereen déi selwecht Meenung hunn, wann et ëm Asylpolitik geet, mee hie versteet net, datt ee sech net drop eenege kann, datt ee Leit virum Doud rette soll. "Das nehm ich den Leuten schon sehr übel", seet hien. Vill Leit hätte keng Ahnung, wéi et sech géif ufillen, een ze gesinn, deen erdrénkt, oder wat fir Geschichten d'Leit, déi aus Libyen kommen, engem erzielen. Vill Migrante géifen net als Mënschen ugesi ginn.


De ganzen Interview mam Erik Marquardt:

Lauschteren

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Claude Biver
Lauschteren

Méi zum Thema

Sebastian Kurz
Politik

Dësen EU-Sommet markéiert ee Revirement an der EU-Politik. An de Konklusiounen huet sech de Langage vun enger méi repressiver Migratiounspolitik duerchgesat. Et ass awer zimlech onkloer, wéi eng vun de Mesurë jeemools wäert ëmgesat ginn.

Refugiéën bei Moria op Lesbos
EU-Sommet

Et gëtt e Rietsruck an der EU-Migratiounspolitik. Et geet manner ëm d'Ëmverdeelung vu Refugiéen, dofir méi ëm d'Protektioun vu Baussegrenzen. Een Haaptzil schéngt et ze sinn, datt esou manner Refugiéë kommen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen