Lëtzebuerger Studenten ze Paräis Vill Studente fille sech eleng

D'Studenten an d'Studentinnen hunn et wärend der Corona-Pandemie net einfach. A Frankräich hu se dowéinst d'lescht Woch demonstréiert. De Staatspresident Emmanuel Macron huet als Reaktioun dorop den Donneschden nei finanziell Hëllefen annoncéiert. Dovu sinn och iwwer 2.000 Lëtzebuerger Studenten a Studentinne betraff, déi a Frankräich studéieren.

Leonardo Kahn / cz

Studentin Rania 2

Momentan lafen d'Virliesungen a Frankräich virtuell of. Mat engem Klick ass d'Virliesung eriwwer, keen Austausch ënner Studenten, kee Flanéieren duerch d'Couloiren, kee Patt nom Cours. Och d'Rania aus Eesebuer huet sech säi Master an der Soziologie anescht virgestallt. Zanter September wunnt hat zu Paräis. No engem Mount op der Université de Paris ass hat, wéi vill aner Studenten an den Home Office geschéckt ginn. D'Situatioun ass net einfach fir hat. Obwuel säi Semester sou gutt ugefaangen hat.

A senger Klass huet ee sech gutt verstanen an et hätt ee Saachen zesumme gemaach. Dofir stéiert hatt sech drun, datt de Klassenalldag elo iwwer Zoom stattfënnt.

D'Gefor vun engem Cluster

Vill Studenten a Studentinne kloen iwwer hir Einsamkeet. Grad a grousse Stied wéi Paräis, ass d'Situatioun fir si dacks schwiereg auszehalen. Net fir d'Rania. Hat wunnt am Studentenheem Fondation Biermans-Lapôtre, wou 140 Belsch Studenten a 70 Lëtzebuerger wunnen. Hei fënnt een ëmmer ee fir ze schwätzen, fir ze kachen oder fir ze musizéieren, erkläert déi 23 Joer al Studentin. De Respekt vun de sanitäre Sécherheets-Mesure fält do net ëmmer einfach, virun allem Weekends.

Déi lescht Weekender ass et dowéinst och Stress mat der Direktioun ginn. Well an engem Studentenheem wéi der Béiermanns geet et séier: e puer Covid-19 Fäll, a schonn entsteet e ganze Cluster.

D'Diane Miller ass zënter sechs Joer d'Direktesch vun der Fondatioun. Dat lescht Joer war fir si eng grouss Erausfuerderung. Sie versteet enger Säits d'Studenten. Anerersäits, fuerdert si jiddereen op, fir responsabel ze sinn a matzeschaffen.

Méiglecherweis kuerz virun engem neie Confinement

A Frankräich gëtt dës Woch méiglecherweis een neie Confinement annoncéiert. Fir opmannst d'Mateneen am Studentenheem net ze verléieren, hunn d'Studente also ee groussen Interessi drun, datt d'Restriktiounen am Haus net verschäerft ginn. Déi mannst ginn zeréck bei hier Elteren, obwuel d'Semester zanter Méint digital stattfënnt.

Och d'Rania bleift hei. Him no, wäert et am Studentenheem ëmmer méi spannend bleiwen, wéi bei senger Famill am Éislek.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

KInn.jpg
Generalversammlung

D'Studentevereenegung ACEL hat op Stiefesdag hir Generalversammlung. Et gouf de Bilan gemaach, vun den Erausfuerderungen, déi sech de Studenten an dësem spezielle Joer gestallt hunn.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen