Santé Publique Viraussiichtlech eng roueg Grippesaison

Bis ewell goufen dëse Wanter néng Leit positiv op ee Grippevirus getest. Dat sinn der däitlech manner wéi d'Jore virdrun, seet de Joël Mossong vun der Inspection Sanitaire. Eng Persoun, déi d'Gripp hat, ass bis ewell gestuerwen. Et ass dem Epidemiolog no domadder ze rechnen, datt et eng roueg Grippesaison gëtt. Dorop géifen och d'Erfarungen am Ausland hindeiten. Ursaach sinn déi sanitär Mesuren, déi weltwäit wéinst der Corona-Pandemie gëllen.

Pia Oppel / cz

Joël Mossong
Foto: Archiv

Zejoert hätt de Wanter an der südlecher Hemisphär scho gewisen, datt déi vill Restriktioune wéinst der Corona-Pandemie och d'Grippe-Infektioune staark reduzéieren, erkläert de Joël Mossong. Een extreemt Beispill wier Australien, vu wou prezis Donnéeë géife virleien. De Grippevirus ass an deem Land quasi iwwerhaapt net present. Australie wier awer natierlech een eenzegaartegt Beispill, well et ee grousst Land ass, wou d'Quarantän bei der Arees immens strikt gehandhaabt gëtt.

Kloer ass: Rees-Restriktiounen, Gestes Barrière an aner Mesuren, déi wéinst der Corona-Pandemie geholl goufen, reduzéieren och d'Ustiechunge mat der Gripp. Nach ass et dem Joël Mossong no awer ze fréi fir ze soen, wéi d'Grippesaison hei am Land genee wäert verlafen. Den Héichpunkt ass dacks eréischt Enn Januar, oder am Februar. Trotzdeem erwaart den Expert sech keng "ganz grouss" Epidemie zu Lëtzebuerg.

Lëtzebuerg erfaasst dëst Joer vill méi prezis Donnéeën

Dëse Wanter ginn d'Grippeinfektiounen däitlech méi prezis erfaasst wéi d'Jore virdrun, well et mëttlerweil een elektronesche Meldesystem fir d'Laboratoirë gëtt, déi ustiechend Krankheete bei der Inspection Sanitaire musse mellen. Dat géif seng Aarbecht erliichteren, esou de Joël Mossong. Doduerch hätt ee vill méi Donnéeë fir ze reagéieren.

Vill Leit hu sech dëse Wanter géint d'Gripp impfe gelooss. Och wann den Influenza-Virus esou wéineg zirkuléiert, wier et egal wéi net ëmsoss sech ze impfen, betount de Joël Mossong.

D'nächst Joer méiglecherweis manner effikasse Grippe-Impfstoff

"Wann et weltwäit esou wéineg Grippefäll ginn, ass et schwiereg de Grippe-Impfstoff fir d'nächst Joer ze entwéckelen", erkläert de Joël Mossong. D'Wëssenschaftler kéinten net esou gutt evaluéieren, wéi eng Variante vum Influenzavirus méi staark zirkuléieren.

"Déi kucken dat elo mat deenen Donnéeën, déi si hunn. Am schlëmmste Fall gëtt vläicht keng Ännerung virgeholl. Well d'Basis vun Donnéeë fir eng Ännerung virzehuelen net immens grouss ass. Et kann also gutt sinn, datt den Impfstoff d'nächst Joer manner ännert, wéi ee sech dat soss erwaart hätt."

Ee Risiko ass dem Joël Mossong no och, datt deen nächste Wanter eng méi schro Grippe-Epidemie kënnt, well dëst Joer wéineg Leit mam Influenzavirus a Kontakt komm sinn. Dat hätt een an der Vergaangenheet esou scho festgestallt, datt no engem Joer mat manner Grippefäll nees eng méi hefteg Saison kéint kommen, esou den Epidemiolog. "Dat heescht, dat ass ee Problem, deen eigentlech just op déi nächst Saison verluecht ass", esou de Joël Mossong.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Pia Oppel
Lauschteren

Méi zum Thema

Senioren
Amiperas

D'Amiperas appelléiert un all d'Altersgruppe fir eng solidaresch Gemeinschaft. Déi al Leit géifen ënner der sozialer Isolatioun leiden. Dat hätt en Impakt op déi psychesch a physesch Gesondheet.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen