Radioen

On air

Resonanzen  |  John Williams - The Flying Theme, aus 'E.T.' (Film) - Hollywood Bowl Orchestra, John Mauceri (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virleefege Kompromëss fir gratis ëffentlechen Transport

Koalitiounsverhandlungen

Virleefege Kompromëss fir gratis ëffentlechen Transport

DP, LSAP an déi gréng hunn e virleefege Kompromëss fonnt fir den ëffentlechen Transport gratis ze maachen. Als Géigepartie soll déi steierlech Kilometerpauschal reduzéiert ginn. Dëse Prinzip gouf - eisen Informatiounen no - de virleschte Méindeg am Aarbechtsgrupp "Infrastrukturen, Landesplanung a Mobilitéit" ugeholl a virgëschter och an der Plenière am Ausseministère. RTL hat den Donneschdeg gemellt, datt dee Modell an der Diskussioun wier.

auto_stories

2 min

Definitiv ass awer nach näischt: Well och de Steiersystem betraff ass, soll d'nächst Woch eréischt gekläert ginn, wéi an a wéi enger Gréisstenuerdnung d'Kilometerpauschal reforméiert gëtt. Bei den Diskussiounen iwwer d'Steierreform 2016 louch schonn eng ähnlech Propos um Dësch.

LSAP, DP an déi gréng haten de gratis ëffentlechen Transport an hire Programmer fir d'Chamberwahlen 2018 stoen. déi gréng wollten déi Mesure awer eréischt mëttelfristeg, verbonne mat enger Reduktioun vun der Kilometerpauschal aféieren.

Weider Berechnungen néideg

D'Zuelen iwwer de finanziellen Impakt vun de proposéierte Moossname leien, enger gutt informéierter Source no, deelweis vir, an deelweis solle se nach am Aarbechtsgrupp "Finanzen a Fiskalitéit" duerchrechent ginn. Eng vun de Froen, déi sech och nach stellt, wier déi, wat bei enger Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport mat deem Personal geschitt, dat de Moment kontrolléiert, ob d'Passagéier Billjeeën hunn.

E virleefegen Accord gëtt et eisen Informatiounen no och fir een Eropsetze vum Mindestloun. Iwwer verschidde Mechanisme sollen d'Mindestlounempfänger méi verdéngen. Rieds geet vun engem Steierkredit, verbonne mat enger liichter Hausse vum gesetzleche Mindestloun. Ob och Ännerunge bei der Allocation de vie chère mat an d'Rechnung afléissen, schéngt nach onkloer. Sécher ass: Net just d'Betriber, mee och de Staat géif also fir d'Erhéijung vum Mindestloun opkommen. Déi definitiv Modalitéite ginn eréischt d'nächst Woch am grousse Krees diskutéiert an decidéiert.

Zäitplang soll agehale ginn

Donieft gëtt et och e virleefegen Accord tëschent den dräi Parteie fir an den nächste fënnef Joer e Verfassungsreferendum ze organiséieren.

All dës Punkte sollen d'nächst Woch definitiv an de Koalitiounsverhandlungen ugeholl ginn. Et ass nach ëmmer virgesinn, fir de Koalitiounsaccord bis de 5. Dezember ze finaliséieren. Wann alles no Plang leeft, da sollen d'Parteigremie vun DP, LSAP an déi gréng de 6. Dezember iwwer de Koalitiounsaccord ofstëmmen.


De Panorama-Bäitrag vum Serge Kesseler vun 12 Auer:

Lauschterenplay_arrow