Radioen

On air

Notturno  |  Ryley Walker - The West Wind

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virolog: "Masken hëllefen de Virus anzedämmen"

Coronavirus

Virolog: "Masken hëllefen de Virus anzedämmen"

De Viren-Expert Claude Muller ass der Meenung, datt Schutzmasken kënnen dozou bäidroen, den neie Coronavirus an de Grëff ze kréien. Hie reit Leit, déi mat villen aneren a Kontakt sinn, esou eng Mask unzedoen.

auto_stories

2 min

Schutzmaske wären "net perfekt" als Mesure géint d'Verbreede vum Coronavirus, esou de Lëtzebuerger Virolog an eiser Emissioun Riicht eraus. Et wär awer eng Mesure vu villen, déi géif dozou bäidroen, datt de Virus sech manner séier verbreet. Et géif och Studie ginn, déi dat confirméieren.

"Keng Mesure, déi mer huelen ass perfekt. Mee et sinn d'Mesuren, déi et an hirer Gesamtheet - kumulativ - erméiglechen, datt all eenzele Coronavirus-Patient manner Leit infizéiert", esou de Claude Muller.

Vue datt Masken am Moment schwéier ze kréie sinn, sollt net "all eenzelen" eng undoen. A verschiddene Situatioune wär dat awer sënnvoll, mengt de Vire-Fuerscher. Notamment bei Leit "déi Kontakt mat villen aneren hunn, well si vill mat Patienten oder Clienten ze dinn hunn."

Maske-Penurie an den Hôpitaux Robert Schuman

Och de Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman huet betount, Maske wären eng wichteg Schutzmesure an de Spideeler. Virun allem Mataarbechter, déi mat vulnerabele Patienten am Kontakt sinn, misste Masken undoen - zum Beispill an der Geriatrie, esou den Dr. Claude Schummer.

D'Hôpitaux Robert Schuman hätten am Moment awer net méi genuch Maske fir d'Patienten maximal kënnen ze schützen. "Mir sinn an enger Penurie vun einfache chirurgesche Masken", esou de Claude Schummer. Hien hätt dofir eng Demande un d'Regierung gestallt, fir Schutzmasken aus der nationaler Reserve vum Staat zur Verfügung gestallt ze kréien.

Den HRS-Generaldirekter huet och confirméiert, datt een Aide-soignant aus der Geriatrie vum Spidol um Kierchbierg sech mam Coronavirus infizéiert huet. Dëse Mataarbechter hätt de Virus och un eng Rei eeler Patiente weiderginn. Een dovun ass mëttlerweil gestuerwen, zwee weiderer sinn an engem kriteschen Zoustand.

Vill teste fir den Iwwerbléck ze behalen

Souwuel de Professer Claude Muller wéi den Dr. Claude Schummer schwätze sech iwwerdeems dofir aus, datt weiderhin esou vill wéi méiglech Patienten op deen neiaartege Virus getest ginn. Dat wär wichteg fir den Iwwerbléck iwwer d'Situatioun ze behalen, esou de Spidolsdirekter: "D'Infektioune sinn am Moment amgaang ze klammen. Mir mussen och wëssen, wéini mer den Héichpunkt eventuell erreecht hunn. Do hänken eng ganz Rei Entscheedungen dovun of."