Presidentschaftswalen an den USA Virschau op eng laang amerikanesch Walnuecht
Den 3. November ass Waldag an den USA. No véier Joer Donald Trump am Wäissen Haus entscheeden d'Amerikaner, ob de President soll duerch de fréiere Vizepresident Joe Biden ersat ginn. Béid Männer an hir Vizepresidentschafts-Kandidate reesen op dësem leschten Dag duerch déi wichteg Staaten, wou dës Wale vläicht schonn e Mëttwoch de Moie Lëtzebuerger Zäit entscheet ginn. Vläicht, well dës Wale sinn anescht, wéi all aner an der Geschicht vun den USA.
E Resultat an der Presidentschaftswal an den USA gëtt et just e Mëttwoch de Moien oder géint Mëtteg Lëtzebuerger Zäit, wann et zu enger klorer Victoire vun engem vun den zwee Kandidate sollt kommen. Dat ass am Fall vum Donald Trump onwarscheinlech, am Fall vum Joe Biden eng Méiglechkeet, an en Dram fir d'Demokraten.
Sollt den Joe Biden zum Beispill um Walowend selwer relativ kloer Resultater a Staate wéi Florida an Georgia opweisen, da wier et esou gutt wéi eriwwer. Sollt och den Texas iwwerraschenderweis mat enger Majoritéit fir den demokratesche Kandidat wielen, da wier et eriwwer. Allen dräi si Staaten, déi den Donald Trump viru véier Joer gewonnen hat, en Deel vu sengem Wee op 270 Stëmme vum Electoral College.
Dem Electoral College
Den Electoral College, déi kontrovers Aart a Weis an den USA e President ze wielen, ass et, déi dem Donald Trump iwwerhaapt d'Méiglechkeet ginn hat 2016 ze gewannen. D'Demokratin Hillary Clinton hat bekanntlech vill méi Stëmmen am ganze Land gesammelt, genee esou wéi dat och vum Joe Biden dëst Joer erwaart gëtt.
Amerikaner wielen numol hire President mat engem Prinzip, dee soss kee Land benotzt. Éischtens kritt de Kandidat, deen déi meescht Stëmmen an engem Staat krut, de ganze Staat fir sech.
All Staat kritt eng Rei Punkten, souzesoen, d'Zomm vun de Fraen a Männer, déi de Staat am amerikanesche Kongress representéieren. E Staat mat villen Awunner kritt also méi Punkten, an esou si Kalifornien, Texas, a Florida déi gréisst Präisser um Walowend.
Déi wichteg Staate fir d'Walen
Et gëtt rout Staaten, blo Staaten, a "swing states", also Staaten, wou entweder traditionell fir Republikaner oder Demokrate gewielt gëtt, an anerer, wou et méi knapps ass, a wou d'Motivatioun vun de Wieler op där enger oder där anerer Säit d'Resultat entscheede kann.
2016 war e perfekt Beispill, an eent, dat den Demokraten nach ëmmer wéideet. Si haten eng blo Mauer erwaart, dat ware Staaten am Midwest, Michigan, Wisconsin, a Pennsylvania, déi Demokrate sollte gewannen. Mee d'Hillary Clinton an hir Partei hate sech net op d'Motivatioun vun den Trump-Wieler virbereet. All dräi Staate krut den Donald Trump. Dëst Joer wëllt den Joe Biden si alleguer zeréckgewannen.
Vill Leit hu Bréifwal ugefrot
Béid Männer hunn déi wichtegst Staaten identifizéiert. An deene leschten Deeg hu si an dëse Staate Walkampf gemaach: Arizona an Nevada am Westen, Iowa, Michigan, Wisconsin am Midwest, Pennsylvania am Osten, an North Carolina, Georgia, a Florida, am Südwesten. De fréiere Vizepresident Joe Biden huet d'lescht Woch zu Miami vun der wichtegste Wal an eisem Liewe geschwat. Florida kéint alles entscheeden.
Esou einfach wäert et um Walowend net sinn. All Staat huet besonnesch dëst Joer aner Weeër fir d'Stëmmen ze zielen, well esou vill Leit scho virum Waldag gewielt hunn, a well eng Rekordzuel vun Amerikaner dëst Joer d'Bréifwal als Optioun gewielt hunn. De Grond ass gréisstendeels fir wärend enger Pandemie net a laange Schlaangen ze stoen an net ze vill ënner d'Leit ze goen. Haaptsächlech Demokraten hunn dës Optioun gewielt, well si sech am grousse Ganzen de Gefore vun der Coronavirus-Pandemie méi bewosst si wei Trump-Wieler.
Mee wéi déi Stëmme gezielt ginn, ass an all Staat anescht. Bleiwe mir beim Beispill Florida, do kënne Stëmmen, déi virum Waldag ukommen, sief et per Post oder am Walbüro selwer, scho virum 3. November gezielt ginn. Et erwaart ee sech also eng fréi Féierung fir den Joe Biden, an eng méi grouss Unzuel vu Republikaner, déi um Dag selwer de Wee an de Walbüro fannen.
Kritik vum Donald Trump
Bref, et gëtt chaotesch um Walowend selwer, mat Momenter, wou et gutt ausgesi wäert fir den Joe Biden, an anerer, wou den Donald Trump kéint als Gewënner an e puer Staaten ausgesinn.
Apropos Bréifwal, déi gefält dem President senger Walekipp iwwerhaapt net, a si huet ouni Succès probéiert, déi ze limitéieren. Hiert Argument, ouni vill Beweiser dofir ze hunn, ass, datt do ka gefuddelt ginn.
De President stellt a sengem eegne Land seng Walen a Fro. Den Donald Trump huet am Staat Pennsylvania iwwer seng Erfarung am Walbüro a Florida gesot, datt dat professionell ofgelaf ass. "Et ass onméiglech ze fuddelen." Bei der Bréifwal wier onkloer, wie se géif ofschécken, wie se géif kréien, wie se zeréckschéckt, a wie se ënnerschreift. "Dat ass ridicule." Dat wier déi eenzeg Méiglechkeet, wéi den Donald Trump verléiere kéint: "mat massive Fälschungen", dat géif am ganze Land geschéien.
Dofir gëtt et keng Beweiser. Wann et um Walowend selwer knapps gëtt, da kënne mir eis op laang Deeg virbereeden. D'Republikanesch Partei steet scho prett fir per Geriicht ze probéieren d'Bréifwal an e puer Staaten net zielen ze loossen.
Beispill Pennsylvania: do kéint et um Walowend gutt fir de President ausgesinn, well all d'Stëmmen an de Groussstied net esou séier kënne gezielt ginn. An dat kéint dee Staat sinn, deen dës Presidentschaftswalen entscheet. Dat kéint Deeg laang daueren.
Rendez-vous also um Walowend selwer, mee vläicht och en Donneschdeg, e Freideg, e Samschdeg, nächst Woch, an esou weider.