Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Delegation - Oh Honey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virun an der Kontinuitéit, mee oppe fir Neies

Nathalie Jacoby - Nei Directrice vum Nationale Literaturzenter

Virun an der Kontinuitéit, mee oppe fir Neies

Nathalie Jacoby heescht déi nei Directrice vum Nationale Literaturarchiv. Nodeems de fréieren Direkter Claude Conter de Poste vum Direkter vun der Nationalbibliothéik iwwerholl huet, war de Pierre Marson Interim-Direkter am Servais-Haus. D'Anglizistin a Germanistin Nathalie Jacoby ass zanter 2015 wëssenschaftlech Mataarbechterin am CNL.

auto_stories

3 min

Valerija Berdi: Dem Claude Conter säi Wonsch ass u sech an Erfëllung gaangen .De Claude Conter hat jo deklaréiert, datt et säi Wonsch wier, datt een aus dem Literaturzenter d'Leedung géif iwwerhuelen. War et fir Iech vun Ufank u kloer, datt Dir géift fir dëse Posten kandidéieren?

Nathalie Jacoby: Nee, net vun Ufank un. Dat ass eppes, wat ech mer hu missen e bëssen iwwerleeën, e Gedanken un deen ech mech lues a lues gewinnt hunn. Ech mengen, fir eis all war et eng schwiereg Noriicht, wéi mer gewuer gi sinn, datt de Claude Conter géif fortgoen. Dann denkt een net direkt u sech selwer. Et si vill Leit, déi mer do agefall sinn. Mir hunn do mol un eiser Aarbecht weidergeschaff,t an den Här Marson huet do wonnerbar iwwerholl déi lescht Méint, esou datt d'Aarbecht weidergelaf ass a lues a lues d'Iddi opkoum, wat ee maache kéint, datt dat och immens flott kéint sinn. Et ass eng immens Ekipp an ech mengen einfach d'Gefill zesummen mat där Ekipp eppes ze maachen, dat huet mech schlussendlech dozou bruecht ze denken, dach, dat kéint eppes Flottes sinn.

Dir kennt d'Haus, Dir kennt d'Ekipp, Dir wësst, wéi et ass mat hinnen ze schaffen, dat gëtt trotzdeem eng Ëmstellung, wann een op eng Kéier net méi Kolleegin ass, mee Chef vun där ganzer Ekipp?

Jo, woubäi sech d'Haus immens auszeechent duerch eng wëssenschaftlech Generositéit, och wat Zäit ugeet, wat e gudde Rot ugeet, a jiddwereen huet jo och seng eege Beräicher, esou datt eigentlech dat Zesummeschaffen ëmmer esou ass, datt ëmmer ee méi weess, ee méi Leader ass vu Projeten, dann en aneren. An där Hisiicht gesinn ech, datt eis Zesummenaarbecht och wäert esou weidergoen. Ech muss mech awer och elo un nei Responsabilitéite gewinnen.

Ass de Plang weider an der Linn vum Claude Conter ze schaffen oder do och nei Verännerungen ze bréngen?

Onbedéngt ass eng vun de Saachen, déi mer wëlle maachen, d'Kontinuitéit. Dat ass wuel ënner der Germaine Goetzinger wéi ënner dem Claude Conter ass den CNL bestänneg gewuess, et sinn ëmmer nei Projeten, et ass an zousätzlech Richtunge gaangen, en huet sech ëmmer weiderentwéckelt an dat sinn alles Saachen, déi mer wëlle weidermaachen. Do si ganz flott Reie vu Publikatiounen entstanen, déi och solle weidergeféiert ginn an dann denken ech, huet jiddwereen e bëssen seng eege Perséinlechkeet a vläicht och seng eegen Interêten, déi en och matbréngt, an dat wäert sech an der Zäit ganz natierlech erginn, datt do zousätzlech Schwéierpunkten nach dobäi kommen.

Dir sidd am Moment och Proff. Wéini kënnt Dir dann op Ärem neie Posten ufänken?

Ech fänken den 1. Oktober un, dat heescht, ech gi bis dann nach Schoul halen an da wäert en aneren iwwerhuelen.

Dir bréngt vill Viraussetzunge mat fir dee Posten. Dir hutt selwer Literatur studéiert, Dir kennt Iech immens gutt aus an der Lëtzebuerger Literatur. Wéi sinn Är Kenntnisser am Archivage?

Do hunn ech am CNL ganz vill geléiert a Weiderbildunge gemaach, esou datt ech mech am Archivage auskennen. An dann hu mer natierlech en Haus voller Leit, déi spezialiséiert sinn, op deem engen oder anerem Gebitt, esou datt ech natierlech och weider Saache wäert léieren. Mee an de leschte fënnef Joren hunn ech awer och schonn an de Fonge geschafft an am Archivage natierlech geschafft.