Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vision Zero - en ethesche Grondgedanken

Fräie Mikro

Vision Zero - en ethesche Grondgedanken

Wéi vill Doudeger oder schwéier Blesséierter sinn an eisem Verkéierssystem, an eiser mobiller Gesellschaft moralesch vertrietbar? Op dës Fro kann et eigentlech just eng Äntwert ginn. "Keen Doudegen a kee Schwéierblesséierten", mengt d'Isabelle Medinger, Directrice vun der Sécurité Routière.

auto_stories

4 min

Gëschter huet de Minister fir Mobilitéit François Bausch de Plan national sécurité routière virgestallt. Dëse Plang huet als Objektiv d'Vision Zero, also keen Doudegen a kee Schwéierblesséierten am Stroosseverkéier. Dësen Term gëtt dacks gebraucht, awer déi mannste Leit kënne sech eppes Konkretes dorënner virstellen.

Schweden an Australien si Pionéier

D'Vision Zero kënnt aus Schweden, wou si zanter Mëtt den 90er Joren an d'Realitéit ëmgesat gëtt. Mee schonn ufanks den 90er Jore schwätzen d'Hollänner vun der "sustainable safety", also der nohalteger Sécherheet an d'Australier um anere Kontinent vu "safe system approach".

Et ass och net fir näischt, datt dës Pionéier um Gebitt vun der Verkéierssécherheet déi niddregst Statistiken hunn. Schonn eleng well si 30 Joer éischter ugefaangen hunn, d'Thema vum Stammineesgespréich op en aneren Niveau eropzehiewen.

Et ass eng moralesch Fro

An éier een awer vun engem wëssenschaftlechen Niveau konnt schwätzen, hunn dës deemools nei Approchen ee vill méi wesentleche Grondgedanken, nämlech en etheschen.

Et ass onmoralesch net alles ze maachen, wat am Beräich vum Méiglechen ass, fir datt et op der Strooss keen Doudegen a kee Schwéierblesséierte méi gëtt.

Et ass also manner en deklaréiert oder chiffréiert Zil, wéi e systematescht Striewen am Sënn vun dëser moralescher Obligatioun. Oder ëmgedréit iwwerluecht, wéi vill Doudeger oder Schwéierblesséierter wiere moralesch vertrietbar an eiser mobiller Gesellschaft, an eisem Verkéierssystem?

De Mënsch am Zentrum

Den Term System ass en anere wichtege Pilier vun der Vision Zero. Dëse System besteet aus der Infrastruktur, dem Gefier an alles, wat de Mënsch betrëfft, d'Educatioun, eist gesamt legislatiivt Reegelwierk an dem repressiven Apparat.

D'Vision Zero stellt de Mënsch an den Zentrum vum System, de System muss sech dem Mënsch upassen, net ëmgekéiert. An zwar ouni Jugement. Dat heescht och deem Mënsch, dee voller Feeler ass, eigentlech komplett ongëeegent fir sech mat méi wéi sechs Kilometer an der Stonn fortzebeweegen. An och deem, dee sech express net un d'Reegelen hält.

Mënsche maache Feeler

Den onkompletten a lasterhafte Mënsch muss also opgefaange ginn. De System muss verzeien, d'Infrastruktur muss "clémente" sinn. "Forgiving roadsides" ass hei e Begrëff, dee mir gutt gefält. Et ass also e ganz altruistesche Grondgedanken.

D'Informatioun, d'Educatioun an d'Sensibilisatioun sinn a bleiwe Grondviraussetzungen a bilden d'Basis fir eist Behuelen. Mee si hu kloer Limitten. Souguer zesumme mat der Repressioun kann een dem Mënsch nämlech nëmmen dat ofwinnen, wat hien express falsch mécht, dat heescht bewosst Transgressiounen.

All déi aner Feeler, Iertemer, Feelaschätzungen, déi hie souwisou ëmmer wäert maachen, kann een net duerch Preventioun opfänken. De Mënsch ass also vulnerabel; mécht Feeler a mëssuecht d'Reegelen.

Eng gedeelte Verantwortung

De System muss deem Rechnung droen, an e muss eng gedeelte Responsabilitéit sinn. Dat ass de leschte grousse Prinzip vun der Vision Zero. All ëffentlech Instanzen, staatlech oder kommunal, d'Gestalter vun den Infrastrukturen, Gestionnaire vum Trafic, Assureuren, déi staatlech oder déi privat an Décideurs politiques sinn an der Verantwortung. D'Lëtzebuerger Regierung, an zwar all Ministère eenzel, huet 2015 eng Charta ënnerschriwwen, an där se sech dozou verflicht. D'Vision Zero steet als solches an der leschter Regierungserklärung.

All Eenzelen ass also och Deel vun deem System. Null Doudegen a Schwéierblesséierten héiert sech onrealistesch un. Onmoralesch awer wier et, net doropshin ze schaffen.

Wann ee vu "Radarfale" schwätzt an nach un Toleranzgrenze wëllt schrauwen, wann ee permanent en A um Tacho wëllt hunn, huet een natierlech de Bléck net fräi fir humanistesch Wäerter an ethesch Consideratiounen iwwer Doud a Leed op eise Stroossen an et ass nach e wäite Wee bei eng gedeelte Responsabilitéit an eng altruistesch Denkweis.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.